13 Deeg war Norwegen elo an Trauer nom Doud vum Kinnek Harald V. Déi lescht Deeg konnten d'Norwegerinnen an d'Norweger hir Trauer op ënnerschiddlech Manéier ausdrécken. Wéi et op der Website vum Kinnekshaus heescht, si ronn 46.000 Leit déi lescht Deeg virum Kinnek Harald V. sengem Sarg defiléiert. Dee war an der kinneklecher Kapell opgeboort. Awer och virum Palais hu vill Leit hire Respekt gewisen a Form vu Blummen, Käerzen, klenge Bréiwer a Fändelen.
"Et war wichteg fir mech, fir selwer heihinner ze kommen. Hie war ee gudde Kinnek, wéi ee Grousspapp fir ons all", erzielt eng Norwegerin, déi Blummen op d'Plaz virum Palais geluecht huet.
Op der Website vun der kinneklecher Famill konnt ee säi Bäileed digital ausdrécken.
Fir d'Populatioun gouf et kee Feierdag op dësem Dag vum Begriefnis, alles geet ganz regulär virun. Schoulen, Universitéiten a Patrone goufen awer dozou encouragéiert, fir hire Leit d'Méiglechkeet ze ginn, d'Begriefnis live op der Tëlee kucken ze kënnen.
Den Trauermarsch ass duerch d'Stroosse vun Oslo gaangen, vum Palais bis bei den Doum. Ënnert den Aen vun Dausende Leit, déi ganz roueg nogekuckt hunn, wéi de Sarg mat hirem verstuerwene Kinnek laanschtgefuer ass.
Hannert dem Sarg sinn de Kinnek Haakon VIII., seng Kanner, d'Ingrid Alexandra an de Prënz Sverre Magnus, a seng Schwëster Märtha Louise gaangen. De Kinnek Haakon VIII. ass dem Kinnek Harald V. säin eelste Jong a Successeur. D'Kinnigin Sonja an d'Kinnigin Mette-Marit sinn an engem Auto hannert der Pressessioun gefuer.
No der Pressessioun si fir d'éischt Gäscht an den Doum gaangen an duerno ass den Sarg eragedroe ginn. An der Kierch huet ee ganz vill Blummekränz gesinn. Mat engem einfachen "Takk", wat "Merci" heescht, war och e Blummekranz vum Kinnek Haakon VIII. a senger Fra a Kanner dobäi. De Marius Borg Høiby huet och un der Trauerfeier deelgeholl. Hien ass der Kinnigin Mette-Marit hire Jong aus enger fréierer Bezéiung. Am Juni war hien nach zu véier Joer Prisong verurteelt gi wéinst ënner anerem Vergewaltegung an haislecher Gewalt.

D'Trauerfeier huet bësse méi wéi eng Stonn gedauert. Dotëscht waren och mat Rieden vum norwegesche Parlamentspresident Madus Gharahkani an dem Ministerpresident Jonas Gahr Støre, deen ënner anerem betount huet, wéi dankbar ee wier fir déi 35 Joer, an deenen den Harald V. seng Roll als Kinnek erfëllt huet. De Gharahkhan sot: "Hien hätt alles fir Norwegen ginn."
Vun der norwegescher Kinneksfamille huet keen d'Wuert ergraff, dofir war et awer ee Gebiet vun der schweedescher Krounprinzessin Victoria. De Kinnek Harald V. war hire Pätter.
D'Kinnigin Sonja hat sech ee Moment geholl, wéi si eleng bei de Sarg gaangen ass an eng Blumm drop geluecht huet. Si war 58 Joer mam Kinnek bestuet. Hien ass een Dag virun hirem Hochzäitsdag verstuerwen. Wärend der Trauerfeier hat si ee schwaarze Schleier virum Gesicht.
Et ware vill Membere vu royale Familljen do, esou wéi de Prënz William a Begleedung vun der Prinzessin Anne. Ënnert de Gäscht waren och de Grand-Duc Guillaume, d'Grande-Duchesse Stéphanie an de fréiere Grand-Duc Henri.

Déi groussherzoglech Famill huet eng laang Geschicht mat der norwegescher Kinneksfamill. Aus eisen Archiven ee Reportage vun 1996, wéi de Kinnek Harald V. an d'Kinnigin Sonja op Staatsbesuch zu Lëtzebuerg waren.
Hien war ee Mann, deen no um Vollek war. Hien ass och nach de "Kinnek vum Vollek" genannt ginn. Um Dag vu sengem Begriefnis huet sech dat Vollek och gewisen. De Policechef vun Oslo, den Tomm Berger, huet dem norwegesche Sender NRK uginn, dass 53.000 Mënschen laanscht d'Clôturen um Wee vun der Pressessioun stoungen. Vill Norweger kennen hie schonn hiert Liewen laang. Ëmmerhi war hie 35 Joer laang Kinnek a virdrun scho Krounprënz.
A senger Karriär gouf et e puer Schlësselmomenter, déi zu sengem Ruff bäigedroen hunn. Eng Kéier d'Iwwerschwemmunge vun 1992, wou hie sech a Gummisstiwwele ganz no bei de Betraffene gewisen hat. Oder och 2011, wéi bei engem rietsextremen Uschlag 77 Mënsche gestuerwen waren, hat hien zesumme mat de Leit am Land getrauert.