Phishing-AttackenDës falsch SMS vun der Bezuelapp Wero geet den Ament ronderëm

RTL Lëtzebuerg
Onéierlecher versichen iwwer dës SMS, Cliente vu Wero op d'Aen ze drécken.
Opgepasst: Gefälschte Wero-SMSe sinn am Ëmlaf
© RTL

Phishing ass eng Form vu Cyberattack, bei där Krimineller probéieren, Zougang zu Computeren oder Handyen ze kréien. Ganz dacks kontaktéiere si d'Leit iwwer SMS oder Email.

A genau dorunner erkennt een eng Phishing-Aktioun:

Un Nummeren, Mailadressen oder Linken, déi een net kennt oder déi gelunge wierken.

An dësen "Opfuerderungen" vun den Onéierlechen ass den Zäitdrock fir ze reagéieren oder ze bezuelen, meeschtens grouss an an de Messagen ass dacks e Link oder en Attachment drun, deen een opklicke soll.

Wann een esou e Mail oder esou eng SMS kritt, soll een net impulsiv handelen, mä et kann ee bei de Banken, Institutiounen oder Firmen, vun deene Messagen ze komme schéngen, nofroen, ob si effektiv esou eppes erausginn hunn.

Back to Top
CIM LOGO