
Bei deene Klenge sinn et gutt 2.700 Kanner.
Fir déi zejoert ronn 102.000 Schüler gouf et iwwerdeems knapp 77.000 Betreiungsplazen a Maisons Relaisen, Foyeren, Crèchen asw. Dës Zuelen huet den Educatiounsministère publizéiert.
Enseignanten am Fondamental ginn et deemno ronn 6.600. 80 Prozent dovu si Fraen an 20 Männer.
Am Secondaire ass d‘Bild méi equilibréiert.
Vun de knapp 6.200 Proffe sinn der 55 Prozent Fraen a 45 Prozent Männer.