
Géint 12:45 Auer war op der Areler Strooss zu Capellen e Foussgänger ugestouss a blesséiert ginn, de Stater SAMU an d'CGDIS-Ekippe vu Mamer waren am Asaz.
Zwee Blesséierter gouf et um 15:35 Auer um CR326 tëschent Munzen a Maarnech, wéi hei zwee Autoe matenee kollidéiert waren. D'Secouristen aus der Nordstad, vu Klierf, Ettelbréck a Kiischpelt waren op der Plaz, genee wéi och de Rettungshelikopter. Wéi d'Police eis op Nofro confirméiert huet, war dësen am Asaz, well onkloer war, ob ee vun de Chaufferen a sengem Gefuer ageklemmt war.
E weideren Asaz fir de Rettungshelikopter gouf et iwwerdeems eng gutt Stonn méi spéit bei Muechtem op der N10. En Trakter war hei ëmgetippt, woubäi eng Persoun verwonnt ginn ass. Donieft waren och d'Secouriste vu Réimech, Wuermer a Fluessweiler am Asaz.