Bei der LSAP rumouert etD'Liz Braz huet refuséiert, fir hir Fraktioun an der Chamber ze schwätzen

Marc Hoscheid
Grond ware verschidde Meenungen iwwert de Vott bei der neier Asylgesetzgebung. D'Süd-Deputéiert ass net mat dem kategoreschen Nee vun der Fraktiounsspëtzt d'accord. 
Archivbild
© RTL

An der LSAP-Fraktioun rumouert et. En Dënschdeg hätt an der Chamber am Fong d'Liz Braz solle fir d'Partei zum europäeschen Asyl- a Migratiounspak schwätzen. Ma, si huet dat kuerzfristeg refuséiert a gouf duerch den Dan Biancalana ersat. D'Liz Braz war dann och mol net an der Chamber-Plenière present. De Grond waren inhaltlech Differenzen.

Liz Braz vs. LSAP-Fraktioun - Reportage Marc Hoscheid

Nach e Méindeg hat si an der Interieurskommissioun d'Amendementer vun hirer Fraktioun fir de Gesetzesprojet 8684 vum Inneminister Léon Gloden presentéiert a gesot, si géing se den Dag drop och nach eng Kéier an der Chamber-Plenière areechen. Datt dat dunn op eemol een anere gemaach huet, ass och dem Léon Gloden opgefall.

"Da sinn ech awer bëssi erstaunt Här President, datt de Spriecher haut vun de Sozialisten den Här Biancalana war an net d'Kolleegin Liz Braz, well si war d'Spriecherin an der Kommissioun." Rumouers am Chamberplenum."Et ass bëssi Opreegung. Ech hunn héieren, datt d'Madamm Braz ugedeit hätt, datt si dëse Projet kéint matstëmmen. Et ass mer gesot ginn, datt si leider haut de Moien an der Fraktioun ëmgedréint ass, dofir héchstwarscheinlech, datt se haut net hei ass."

D'Liz Braz seet, si hätt déi lescht Méint intensiv um Dossier geschafft a wier grondsätzlech dovun iwwerzeegt, datt gemeinsam europäesch Reegelen an der Asylpolitik dee richtege Wee wieren. Dat wier och schonn ëmmer d'Meenung vun der LSAP gewiescht, déi géing sech awer massiv un der konkreter Ëmsetzung duerch de Léon Gloden stéieren.

"Gëschter huet meng Fraktioun du kuerz virun der Plenière decidéiert, eise Vott schlussendlech anescht auszeleeën wéi dat, wat mir initial wëlles haten a war leider net fäeg, aus de ville verschiddene Meenungen e Kompromëss ze fannen. Menger Meenung no dierf et awer net esou ausgesinn, wéi wa mer eis géint europäesch Reegelen ausschwätze géifen. Ech fannen et weiderhi richteg a wichteg, de Projet fir Asyl a Migratioun europäesch ze reegelen, mee well ech der Majoritéit vu menger Fraktioun net wollt am Wee stoen, ouni mengen Iwwerzeegungen net kënnen trei ze bleiwen, hunn ech et méi ubruecht fonnt, mech ze enthalen." D'LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding deelt schrëftlech mat, datt een no enger gemeinsamer Analys an Diskussioun an der Fraktioun decidéiert hätt, géint de Projet de loi ze stëmmen. Déi Decisioun wier mat der Ausnam vun der Liz Braz unanime gewiescht. Hannert de Kulissen ass awer ze héieren, datt ronn d'Hallschent vun der Fraktioun sech hätt kënne virstellen, sech op d'mannst ze enthalen.

Zu de Rumeuren, datt si d'LSAP verloossen a bei eng aner Partei, notamment d'CSV, wiessele wéilt, seet d'Liz Braz iwwerdeems:

"Ech war zu kengem Moment bis lo a sou Diskussiounen involvéiert. Ech sichen dat doten iwwerhaapt net, ech mengen och, datt ech am Fong an dëser Matière mat menger Partei grondleeënd enger Meenung sinn. Ech menge just, datt déi ganz Aart a Weis, wéi dat gëschter intern ofgelaf ass, net optimal war. Mee ech fille mech ganz doheem a menger Partei an ech géif och net bei eng CSV, an ech hunn och schonn héieren, ech géif bei eng DP wiesselen, dovunner wëll ech och näischt wëssen."

Back to Top
CIM LOGO