
Wéi kann Europa seng technologesch Souveränitéit stäerken an d'Mineuren online besser schützen? Ënnert anerem mat dëse Froen hu sech eng Rei zoustänneg europäesch Ministeren op Invitatioun vun der delegéierter Medieministesch Elisabeth Margue hei zu Lëtzebuerg e Méindeg beschäftegt.
Am Kader vun der informeller "Digital 9 Plus" Reunioun war och d'EU-Kommissärin fir technologesch Souveränitéit, d'Henna Virkkunen, um Belval bei de Gespréicher dobäi.
D'CSV-Ministesch Elisabeth Margue huet preziséiert, datt technologesch Souveränitéit net heescht, datt ee sech virun der Kooperatioun mat anere Länner verschléisst:
Mir hunn zum Beispill jo och elo e Partenariat mat Japan ofgeschloss, fir eis eeben och op enger ganz Rei Sujeten auszetauschen, wat nei Technologien uginn. An ech mengen och, datt een eng pragmatesch Approche muss hu vis-à-vis vun deenen anere Partner. Et muss een haut e bëssen och eng Approche op de Risiko maachen, dat heescht, wat sinn déi Elementer vun eiser ganzer Connectivitéit, iwwert déi mer wierklech wëllen d'Souveränitéit halen, zum Beispill och eis Donnéeën, dat ass ganz wichteg, wou sinn eis Donnéeë stockéiert? A wat sinn déi Elementer, wou vläicht och nach wichteg sinn? Op alle Fall wësse mer, datt mer net iwwerall alles kënne selwer maachen.
Och de Jugendschutz gouf thematiséiert: Bal alleguer déi vertruede Länner ware sech eens, datt ee beim Social-Media-Verbuet op eng europäesch Solutioun wëll setzen. Een Experte-Grupp soll nach virum Summer der Europäescher Kommissioun Léisunge proposéieren.
Sollt ee sech net eens ginn, géif d'Regierung am Hierscht kucken, wéi eng Léisungen op nationalem Plang méiglech wieren.