Contact TracingRetarde solle weider erofgoen

Claude Zeimetz
De Contact Tracing wier den Ament an enger "schwiereger Phas", sou den Dr. Schmit. De Retard louch déi lescht Deeg bei 4-5 Deeg.

Dës Woch huet d'Santé an hirer Retrospective guer net méi matgedeelt wou sech déi meescht Leit hei am Land mam Coronavirus ugestach hunn. Do, wou d'Ekippe vun der Inspection sanitaire am Fréijoer bei 60-80 Fäll den Dag un hire Limitte komm sinn, musse ronn 10 mol sou vill Leit no engem positiven Test kontaktéiert ginn. D'Claude Zeimetz huet beim Direkter vun der Santé nogefrot.

Den Tracing wier, wéi den Dokter Schmit et ausgedréckt, den Ament effektiv "an enger schwiereger Phas".

"Mir hunn do e Retard. Mir sinn awer amgaangen, dee Retard opzeschaffen. Mir kënnen entretemps quasi oder sécher all nei Infektiounen ofschaffen. Wat mer net méi sou gutt kënne maachen, ass effektiv dee ganze Contact Tracing."

De Retard louch mat an de leschten Deeg carrément bei 4-5 Deeg.

"Wat ganz laang ass. Mir sinn entretemps erëm erof. Mir sinn nach net den Dag selwer, mä kommen op eng normal Situatioun an de nächsten 2-3 Deeg erëm."

Fakt ass: Et ass den Ament wäit ewech vum Idealkonzept, wéi de Contact Tracing effikass an der Virusbekämpfung schaffe soll. Positiver zäitno via Telefon kontaktéieren, informéieren a sensibiliséieren an duerno dann direkt déi enk Kontakter a Quarantän setzen, ouni wäertvoll Zäit ze verléieren. Virun dräi Woche scho goung d'Consigne eraus, datt d'Persounen, déi positiv getest goufen, hir Risiko-Kontakter selwer informéiere sollten, fir datt si sech autoisoléieren. Datt hei de wichtege Volet vun der Präventioun verluer geet, op deen d'Santé selwer ëmmer erëm higewisen huet an ee vun der Kooperatioun vun de Leit ofhänkt, dat weess och den Dokter Schmit.

"Dat stëmmt. Dee System ass manner effikass wéi dee klassesche Contact-Tacing-System. Et muss een awer soen, a villen aneren europäesche Länner ass dat de Standard. Do gëtt et keen zentraliséierte Contact Tracing."

Contact Tracing / Rep. Claude Zeimetz

En optimale Service kéint een awer eréischt dann nees garantéieren, wann d'Zuelen erofginn. Antëscht gouf d'Ekipp vum Contact Tracing op 180 Posten opgestockt. Et misst awer permanent no neie Leit gesicht ginn.

"Et muss een och natierlech wëssen, datt mer ëmmer erëm Leit verléieren an deem Sënn, datt vill Leit aner Obligatiounen am Liewen hunn an dann zu engem gewëssenen Ament soen: Elo muss ech zeréck op meng Aarbecht oder aus familiäre Grënn. An deem Sënn probéiere mer ëmmer e gewëssenen Turnover ze hunn an nei Leit och z'engagéieren an ze forméieren."

Duerfir géif een och zanter e puer Méint mat der Adem zesummeschaffen, wou bis ewell eng 20-30 Leit recrutéiert goufen. D'Militärmusek awer ass wéinst aneren Obligatiounen iwwregens net méi derbäi.

Den Haaptgrond, firwat dës Woch d'Statistiken net am Detail opbereet goufen, war, dem Direkter vun der Santé no, datt et Ausfäll an der Ekipp gouf, déi fir d'Inspection sanitaire schafft. D'nächst Woch kéint dat warscheinlech awer nees liwweren.

RTL-News: "Dir hutt d'Wuert" am Replay: Iwwert de Coronavirus - Är Froen un den Dr. Jean-Claude Schmit

Back to Top
CIM LOGO