Covid-StrofRestaurateur krut Recht a Strof vu 4.000€ gouf annuléiert

RTL Lëtzebuerg
Am Covid-Gesetz vun der leschter Woch si keng Preventiounsmesurë méi virgesinn, wat d'Caféen an d'Restaurante betrëfft, an och keng Geldstrofe méi.

No enger klenger Victoire, de leschte Mount, gouf et e Freide fir de Gerant vun engem Restaurant um Schlammestee eng richteg Victoire um Verwaltungsgeriicht a sengem juristesche Sträit mat der Gesondheetsministesch.

Den Tribunal administratif huet nämlech virun 3 Deeg e Recours vum Mann als justifizéiert unerkannt an dowéinst en Arrêté ministériel vum 10. November annuléiert. De Staat muss och fir d'Fraisen opkommen.

Covid-Strof annuléiert / De Reportage vum Eric Ewald

D'Virgeschicht, vun där mer Iech am Oktober geschwat haten, war déi heiten: Enn August hate Poliziste vum Diddelenger Kommissariat festgestallt, dass déi meescht Cliente vum Restaurant tëscht Dëscher gestanen, keng Mask u gehat a gefeiert hätten. D'Paulette Lenert hat Enn September via Arrêté ministériel eng Geldstrof vu 4.000 € géint de Mann gesprach, wéinst Verstouss géint d'Covid-Gesetz vum 17. Juli. Ufank Oktober hat d'Verwaltungsgeriicht déi Strof op 3.300 € erofgeschrauft.

Wat déi nei Faiten ugeet, haten d'Diddelenger Polizisten nëmmen 8 Deeg no deem 1. Urteel en neie Procès-verbal geschriwwen, well deen Owend bei op d'mannst 5 Dëscher d'Clienten net gesiess an op d'mannst 3 Leit keng Mask u gehat hätten. Viru knapp 3 Wochen hat d'Ministesch dofir eng Geldstrof vu 4.000 € gesprach. De Mann war virun enger Woch op en Neits dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.

Deem seng 1. Riichter hunn e Freide festgehalen, dass dem Mann virgehäit gëtt, géint e Punkt vum Artikel 2 vum Gesetz vum 17. Juli verstouss ze hunn, dass nëmme Sëtzplazen erlaabt wären. Am Artikel 1 vum Gesetz vun e Mëttwoch stéing awer „l’article 2 de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid-19 est abrogé“, spréch ausser Kraaft gesat. Deemno géifen d'Preventiounsmesuren, wat Restauranten a Caféen ugeet, de Moment net méi existéieren. Donieft wären am neien Text och keng Geldstrofe méi virgesinn, genee sou wéineg wéi Iwwergangsbestëmmungen.

Well d'Preventiounsmesuren de Moment also net méi bestinn, wéi de Staatsrot et och a sengem Zousazavis vu virun enger Woch bemierkt hätt, an et keng legal Basis fir Geldstrofe méi gëtt, wär den Arrêté vum 10. November z'annuléieren.

Back to Top
CIM LOGO