Nadine Braconnier vereedegtDe Wiessel un der Spëtzt vun der Käerjenger Gemeng ass an der Maach

Pit Everling
En Dënschdeg de Moie gouf d'Nadine Braconnier als Conseillère vereedegt.
De Michel Wolter an d'Nadine Braconnier
De Michel Wolter an d'Nadine Braconnier
© RTL

D'Assermentatioun gouf vum Schäffe Frank Pirrotte gemaach. 

An der Suite gouf et am Gemengerot en unanime Votte, fir d'CSV-Politikerin Braconnier als nei Buergermeeschtesch ze proposéieren. 

Dat deelt hire Mann Michel Wolter an sozialen Netzwierker mat. De Michel Wolter war jo bis ewell Gemengepapp zu Käerjeng an hat dat Mandat rezent néiergeluecht, fir enger neier Generatioun d'Méiglechkeet ze ginn sech opzebauen, wéi hie viru kuerzem am RTL-Interview sot. 

Back to Top
CIM LOGO