Reserven nach just fir eng WochLëtzebuerger Rout Kräiz rifft dréngend zum Bluttspenden op

RTL Lëtzebuerg
Den Opruff riicht sech souwuel un aktuell Donateuren, souwéi och un Neier.
© Croix Rouge

D'Lëtzebuerger Rout Kräiz rifft d'Bevëlkerung dréngend dozou op, Blutt ze spenden, well d'Reserven aktuell staark zeréckgaange sinn. Am Moment géifen d'Reserve just nach fir ronn eng Woch duergoen, fir d'Spideeler am Land ze versuergen. Och wann nach keng akut Noutsituatioun besteet, ass d'Situatioun sensibel.

De Réckgang vun de Bluttspenden ass virun allem op d'Ouschtervakanz zeréckzeféieren. Dobäi kommen déi vill Feier- a Bréckendeeg am Mee, eng Period, an där traditionell manner Leit Blutt spenden. An den nächste Woche kéint d’Situatioun sech nach weider verschäerfen, well mat der Summerzäit an den éischte Reesen e puer potenziell Spender temporär net disponibel sinn.

D'Rout Kräiz appelléiert dofir un all potentielle Bluttspender, sech elo ze mobiliséieren. All eenzel Spend zielt, fir d'Versuergung vun de Spideeler sécherzestellen an d'Sécherheet vu Kranken a Blesséierten ze garantéieren.

Pressecommuniqué
Blutvorräte werden knapp: Das Luxemburger Rote Kreuz ruft zu sofortigem Spenderengagement auf

Back to Top
CIM LOGO