Appell vu Bäckerei-CEORespekt viru Personal behalen trotz Boergeld-Polemik

RTL Lëtzebuerg
Eng grouss Bäckerei hei zu Lëtzebuerg refuséiert systematesch Borgeld. Esou datt keen do eppes ze kafe kritt, dee keng Kaart huet.
Nogefrot bei Fischer a Panelux
Eng grouss Bäckerei hei zu Lëtzebuerg refuséiert systematesch Borgeld. Esou datt keen do eppes ze kafe kritt, dee keng Kaart huet.

Dat ass eiser Meenung no strofbar, dat sot de President vum Konsumenteschutz hei am Journal an huet betraffe Leit recommandéiert, sech bei der Police oder beim Finanzministère ze beschwéieren. Eng Ausso, déi nawell Welle bei der Bäckerei geschloen huet. Zanterhier hätten nämlech verschidde Leit hirer Roserei Loft gemaach.

D'Carole Muller, d'CEO vu Fischer S.A.:

Si gi bei eis an d'Filialen a ginn dann zimmlech aggressiv soe mer mol, oder zimmlech virulent mat eisen Ekippen.

Jo, et géif een temporär kee Boergeld acceptéieren, an dat fir de Kontakt tëscht de Clienten an de Leit aus der Vente op e Maximum ze reduzéieren. An esou jiddereen ze schützen.

Et ass och en Hygiènesgrond. Si benotze schonn Händsche mat Gel, wann do och nach d'Suen dobäikommen. An dass de Virus iwwer d'Suen iwwerdroe gëtt, dee Risiko ass geréng, mee net null. An dann hu mer en drëtte Problem. Ech mengen, d'Banke kruten och gesot, fir hiert Personal ze schützen, si sinn net méi déi ganzen Zäit op. Natierlech kënne mer och e Rendez-vous froen, fir Mënz ze kréien, mee dat mécht eis d'Saach net méi einfach.

D'Scouten, déi den Ament jo fir eeler oder ufälleg Leit akafe ginn, hate sech awer och schonn direkt den éischten Dag beschwéiert, wéi d'Bäckerei ugefaangen huet, Boergeld ze refuséieren.

D'Scouten hunn dee Problem, Hëllef Doheem, Help, dofir hu mer gesot, mir féiere fir Leit, déi keng Kaart hunn oder wierklech net kënne mat Kaart bezuelen, fir déi féiere mer Facturen an an da komme se se bezuelen, wann dat hei eriwwer ass oder mir schécken hinne se all Mount, deemno wéi laang dat hei dauert.

Doriwwer eraus ass d'Corona-Kris och fir de Fischer an d'Panelux, déi jo d'Produktioun hannendrun assuréiert, eng grouss Erausfuerderung. Besonnesch uerg getraff ass d'Patisserie, wou normalerweis eng 20 Leit am Dag schaffen, sinn elo just nach 2 Persounen am Asaz.

De Patrick Muller, CEO vu Panelux S.A.:

D'Geschäft ass komplett agebrach. Patisserie an Traiteur ass 80% vum Volume ewechgebrach, zënter dem Ufank vun der Kris.

D'Ventë vum Brout wäre zwar kuerz Zäit an d'Luucht gaangen, wéi d'Leit ugefaangen hunn ze hamsteren. Dat hätt sech elo awer nees normaliséiert. Baguetten a Sandwichen dogéint géifen der vill manner produzéiert.

D'Schoule sinn natierlech alleguer zou, e ganzen Deel vun de Kantinne vun de Betriber sinn zou. Dat, wat am Food Service iwwreg bleift, sinn d'Spideeler an d'Altersheemer. Mee dat ass awer och nëmmen e Brochdeel, vun deem wat war.

Allgemeng wär den Ëmsaz bei der Panelux elo ëm 50% zréckgaangen, souwuel national, wéi och am Export. Eng 30% vun de Mataarbechter sinn aktuell entweder am Congé pour raisons familiales, a Kuerzaarbecht oder am Krankeschäin.

Bei Fischer sinn aktuell 25 vu 64 Butteker am Land zou. Wat d'Boergeld-Polemik ugeet, rifft d'Patronne op, dem Personal Respekt entgéint ze bréngen.

Déi Leit maache sech schonn d'Méi, iwwerhaapt ze kommen an ze schaffen. Et wär eis scho wichteg, dass déi Leit, déi net frou sinn, sech ganz gär kënnen un eis wenden - ech mengen, mir hu jo och aner Moyenen en place gesat - mee op alle Fall eis Ekippen a Rou ze loossen. Si kënnen net onbedéngt dofir.

Back to Top
CIM LOGO