Fonds du LogementReserv vu liicht méi wéi 142 Hektar Terrain, fir abordabele Wunnraum ze bauen

RTL Lëtzebuerg
Dat geet aus der Äntwert vum zoustännege Minister Kox, op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierten Bauler an Hahn ervir.

Am ganze géif de Fong 1682 Parzellen, verdeelt op 69 Gemengen besëtzen oder geréieren, vun enger Gesamt-Surface vun bal 217 Hektar. 142,3 Hektar dovu falen ënnert ënnert de potentiel foncier de développement, also Terrain, dee kuerz-, mëttel- oder laangfristeg ze bebaue wier.

De Minister präziséiert, dass verschidden Terrainen an administrative Prozeduren wieren, oder dass drop gewaart géif ginn, dass se an engem PAG reklasséiert ginn, oder se missten carrement mol de-polluéiert oder amenagéiert ginn, wéi beispillsweis de Projet Neischmelz zu Diddeleng.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum André Bauler a Max Hahn

Back to Top
CIM LOGO