Zënter dem 16. Mäerz, also 7 Woche laang, si keng Schüler méi an de Schoulgebaier gewiescht. Vun e Méindeg u souzen déi éischt also nees an de Schoulbänken. Wéi war d’Stëmmung bei de Schüler a Proffen? Wéi gouf sech virbereet? D’Annick Goerens war fir eis am Lycée du Nord zu Wolz.
Et ass natierlech éischter bizare... eng Rentrée Ufank Mee, an amplaz vun 1100 Schüler, déi sech soss am Schoulhaff ophalen, iwwer Hausaufgaben, Prüfungen an Exame schnëssen a sech austauschen, sinn et der e Méindeg just 80 gewiescht – vun den Ofschlossklassen - déi no an no eragedrëpst koumen mat enger Mask um Gesiicht a vill oppe Froen.
Wéi war dann e Méindeg de Moien de Feeling bei de Schüler?
„Ech freeë mech éierlech gesot, fir nees an d’Schoul ze goen an och déi lescht Deeg hei ze genéissen, well mir hu manner Cours an t’ass vläicht eng méi angeneem Atmosphär an der Klass, och wann een nëmmen zu puer an der Klass ass. An ech denken awer, dass all déi Mesuren hëllefe wäerten, dass näischt geschitt.“
„Fir eng Kéier éierbar ofzeschléissen, och wann et net ass, wéi déi Jore virdrunner eigentlech, mä awer d’Schüler nach eng Kéier erëmzegesinn. An natierlech och dat Wëssen nach eng Kéier opzefrëschen. Mä fir mech perséinlech ass dat éischter am Hannergrond, also méi wichteg ass d’Leit nach eng Kéier erëmzegesinn.“
„Mir si Veruchskanickelecher, sou kann ee soen. Mä ech denken de Ministère an d’Gesondheetsministesch hunn awer do alles gemaach an och déi bescht Mesure geholl, fir dass mir och dëst Joer eis 1ère schéin ofschléisse kënnen.“
Och fir d’Enseignanten ass dës Situatioun éischter ongewéinlech.
„T’ass e bëssen eng speziell Situatioun, mä t’ass op jidder Fall mol e flott Gefill. Also no deene 7 Wochen, wou ee sech just iwwer Télétravail a Videoe gesinn huet, ass et awer mol erëm schéi virun der Klass ze stoen. T’ass eng aner Atmosphär, t’ass een anert Schaffen awer.“
„Op der enger Säit sinn ech wierklech frou, d’Schüler nach eng Kéier ze gesinn. T’ass och déi leschte Kéier, wou ech dann d’Schüler gesinn. An ech muss soen, t’ass awer och e bëssen traureg, well normalerweis wann een d’Schüler fir d’lescht gesäit, da verabschit ee sech an et seet ee lauschter mol no, dat geet schonn, dir gitt elo an den Examen, dir maacht et gutt. An t’ass elo ganz aneschters, méi bedréckend, d’Klasse gedeelt, eigentlech net dat, wat mir wollten.“
An der Direktioun ass ee sech bewosst, dass dëst just eng Generalprouf war. E Méindeg waren et just 80 Schüler am Gebai, nächste Méindeg sollen et der 550 sinn.
Den Direkter vum Wëlzer Lycée, Pierre Stockreiser:
„Duerch déi 80 Schüler, déi mir elo am Haus hunn, gesi mir natierlech elo op d’Weeër fonctionéieren: de Plan de circulation, op dat mat den Entréeë fonctionéiert. An da mussen mer eis awer bewosst sinn, wann déi jonk Schüler kommen, dass mer do awer nach méi mussen insistéieren, fir déi Reegelen ze widderhuelen an z’erklären. A mir wäerten och wesentlech méi Surveillanten an de Gäng an um Schoulhaff brauchen. An dann, dir huet jo virdru gesinn, wei déi 80 Schüler komm sinn, déi ginn empfaangen, do ass eng gewësse Prozedur, déi ofleeft. Dat wär natierlech och déi nächst Woch eng ganz aner Saach sinn. Do hu mer 3 Zelter op verschiddene Plazen, wou se dann duerchginn a sech hir Informatiounen huelen, a wou se och nach kënne Froen stellen. T’ass also d’Envergure, déi nach eng Kéier an d’Luucht geet. Mä d’Grondprinzippien, déi stinn.“
Am Wëlzer Lycée ass de Gros vum Personal op alle Fall frou, dass d’Schoul nees ugefaangen huet. Et misst een eben léiere mat der Situatioun ëmzegoen a sech un den neien Alldag winnen, sou nach den Direkter Pierre Stockreiser.
RTL-Artikel: Éischte Schouldag an de Lycéeën: 96% vun de Primaner sinn an den Unterrecht gaangen
Am Arts et Métiers waren 11 Premièresklassen am Gebai. Tëscht 140 an 160 Schüler am Ganzen. D'Klasse sinn an zwee gedeelt. Wärend de Proff de Cours an engem Sall virun de Schüler hält, gëtt dësen am Sall niewendru gestreamt.

RTL-NEWS: UNEL fuerdert Primaner op, net an d'Schoul ze goen, wa se Angscht hunn
RTL-NEWS: CNEL iwwer d'Rentrée: Et stinn nach vill oppe Froen am Raum
RTL-NEWS: Lycéeë preparéiere sech op déi éischt Schüler nom Confinement
RTL-NEWS: Petitioun géint geplangte Schoul-Ouverture: Minister Claude Meisch empfänkt Petitionärin nächst Woch