Fir 1.100 SchülerRentrée um Freideg och am Wëlzer Lycée du Nord

Tim Morizet
Lo heescht et dann iwwerall nees fréi opstoen och fir di Jonk vu Sixième bis Première.
Rentrée um Freideg och am Wëlzer Lycée du Nord
Lo heescht et dann iwwerall nees fréi opstoen och fir di Jonk vu Sixième bis Première

An de 47 ëffentlechen a private Lycéen am Land huet d'Schoul fir 49.000 Schüler a Schülerinnen nees ugefaangen, woubäi et dëst Joer eng ganz Partie nei Ausbildungs- Méiglechkeete gëtt mat zum Beispill neien BTSen.

Et geet erëm lass. D'Liewen am Nord Lycée zu Wolz ass zeréck. Ënner e bësse manner strengen Hygiènesreegele geet et fir déi 1.100 Schüler nees zeréck an d'Klassesäll.

2 Schnelltester d'Woch, Ofstand, a gutt Lëfte sollen dofir suergen, datt dat och esou bleift. Sou muncher Jonken hält d'Mask awer nach léiwer un. D'Fro, déi sech stellt: Kann den Infektiounsschutz mam Bildungs-Usproch ënnert een Hutt bruecht ginn?

De Pierre Stockreiser, Direkter am Lycée du Nord zu Wolz:

De Bildungsusproch ass deen, datt mer anstänneg Schoul halen an, datt mer de Schüler flott Alternativen ausserhalb vun der Schoul bidden. Mee mir dierfen net vergiessen oder an eng Euphorie verfalen: De Virus ass nach ëmmer present. Dofir hu mer jo awer nach e Set u Reegelen. Et ass net, datt néierens méi Masken ugedoe ginn, et ass net, datt néierens méi opgepasst gëtt. Déi Reegelen, déi do sinn, applizéiere mer „à la lettre“.“

Den Direkter zu Wolz ass d'Rou selwer. D'Schoul ass méi ewéi just léieren. D'Schoul ass a muss sozial sinn.

D'Stëmmung ass gutt. Se ass optimistesch. Mir si prett a mir freeën eis, d'Schüler nees am Haus ze hunn. Dir gesitt, dat ass et, wat eng Schoul ausmécht, datt ee Liewen am Haus huet.“

Et war eng laang Summervakanz. Fir esou muncher Schüler ass et nees méi schwiereg, sech un den neie Rhythmus ze gewinnen.

Nieft der normaler Preparatioun an de Lycéeën hu sech eng Rëtsch Gebaier och op nei Formatioune virbereet. Am Lycée du Nord gëtt vun dësem Joer un zum Beispill en neie Commerce BTS ugebueden.

D'Martine Boulanger, Coordinatrice neie BTS:

Et ass u sech den éischte BTS, deen „en alternance“ ugebuede gëtt. An do gi jonk Studenten ausgebilt fir spéider an engem Commerce, deen zum Beispill méi Verkafsplazen huet Gerant ze ginn.“

Insgesamt ginn zu Lëtzebuerg 5 nei professionell Formatiounen ugebueden. Dat virun allem an technesche Beräicher. Dobäi kommen nach 4 BTS'en – Ausbildungen also déi nom Schoulofschloss nach dobäikommen.

Vill soll hei an Zukunft nach dobäikommen. Fokusséiert gëtt sech zu awer zu Wolz mol op den: hei an elo. An de Bilan fir déi nei Rentrée war op alle Fall mol positiv.

Back to Top
CIM LOGO