
Den Educatiounsministère lancéiert fir d'Rentrée am September zwou nei professionell Formatiounen.
Den DAP – also den "diplôme d'aptitude professionnelle" – fir Sécherheetsagent ze ginn, kann am Lycée des arts et métiers um Lampertsbierg gemaach ginn. De Cours ass op däitsch, dauert dräi Joer an et sinn dräi Stagen a Firme virgesinn.
Da kënnt och den CCP – de "Certificat de capacité professionnelle" – fir Metall-Beruffer. Wärend dräi Joer ass zwee Deeg d'Woch Cours an déi aner dräi Deeg sinn d'Schüler an engem Betrib fir hir Léier.
Dës Formatioun gëtt am Lycée du Nord vu Wolz an am Lycée privé Émile Metz ugebueden. Se ass op Däitsch an op Franséisch.