Dovunner ass op jidde Fall d’Gewerkschaftsunioun OGBL-LCGB iwwerzeegt, well d’AMMD d’Konventioune mat der CNS gekënnegt huet an neier, trotz Konzessiounen, refuséiert z’ënnerschreiwen. Nei Konventiounen, déi de Verwaltungsrot vun der CNS mat Vertrieder vu Staat, Gewerkschaften a Patronat eestëmmeg ugeholl gi sinn.
Fir d’Gewerkschaftsunioun wier kloer: Der AMMD géing et just drëms goen, de Gesondheetssystem ze "kommerzialiséieren". De Christophe Knebeler vum LCGB huet erkläert: Ouni Konventioun, déi den Doktere virschreift, d’Nomenclaturen, also d’Tarifikatioun vun de respektiven Akten, ze respektéieren, wier "de Wee fräi fir fräi kënnen ze tariféieren".
D’Behaaptung vun der AMMD, datt se wéilt mat Tarifautonomie medezinesche Fortschrëtt fërderen, widderleet d’Gewerkschaftsunioun domadder, datt d’AMMD selwer keng nei medezinesch Akten, respektiv Tarifikatioune proposéiert, esou ewéi se dat awer kann. Donieft géing se sech bloussstellen, andeems se verlaangt, datt de Prinzip vum "utile et nécessaire" soll ofgeschaaft ginn. E Prinzip, dee bedeit, datt Leeschtunge sollen hiren Zweck erfëllen.
De Christophe Knebeler geet dovunner aus, datt d’AMMD gär hätt, datt d’convenances personnelles, d’CP8, oder d’Depassementer op Devis normaliséiert ginn. Eppes, wat bal all d’Zänndoktere systematesch géinge facturéieren.
Hie werft der AMMD vir, sech d’Fro net ze stellen, wéi dat herno rembourséiert gëtt. D’Dokteschassociatioun wier a sengen Aen och esouguer éischter der Meenung, datt d’CNS just eng Grondversuergung soll assuréieren an d’Assuréë sech selwer solle privat versécheren, fir de Recht ze bezuelen.
"Dat ass genee de Modell, wéi mir en aus anere Länner kennen, wou se haut eng ganz schlecht Gesondheetsversuergung hunn. Dee Modell hu mir net an dee Modell wëlle mir net", esou de Gewerkschaftler.
Falls et bis den 1. November keng nei Konventioun gëtt, muss d’Regierung e Reglement prett hunn. Obwuel d’Santésministsch Martine Deprez an der Chamber en Dënschdeg op en Neits assuréiert huet, datt egal ewéi nom 1. November fir den Assuré näischt ännere géing, huet de Christophe Knebeler gewarnt, datt dat net esou sécher wier.
Et géing vill Onkloerheet ginn, well de Code de la Sécurité sociale géing just en Deel vun de Saachen aus der Konventioun an engem Reglement virgesinn an aner Saachen, ewéi de Paiement immédiat zum Beispill, géinge riskéieren, net méi ze funktionéieren.
D’Gewerkschaftsunioun huet eng Informatiounscampagne ugekënnegt. Falls d’AMMD Verschlechterunge fir d’Assuréen oder d’Patiente géing bei der Politik duerchsetzen, géing et gewerkschaftlech Aktioune ginn.
En Dënschdeg den Owend kann de President vun der Dokteschassociatioun Chris Roller um 19:30 Auer am Journal op RTL Tëlee Lëtzebuerg op all d’Virwërf réagéieren.