Um Nikloskierfecht an der Stad ass et zu Vandalismus komm. Betraff sinn d'Morgue an och verschidde Griewer, wéi d'Police op Nofro confirméiert.
Wéi L'essentiel mellt, huet d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer d'Police selwer alarméiert, wéi si Blummen op e Graf wollt leeë goen.
Den Nikloskierfecht um Lampertsbierg. © Domingos Oliveira

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
D'Fënstere vun der Morgue goufen zerstéiert an d'Dier staark beschiedegt. Ausserdeem goufe Blummen erausgerappt, Dëppen ëmgeworf a Griewer degradéiert.
Op Nofro hi confirméiert d'Police, datt eng Patrull op d'Plaz gefuer ass an och d'Spueresécherung am Asaz war.
Op verschiddene Griewer goufe Blummen erausgerappt an Dëppen ëmgeworf. © Ville de Luxembourg
Op verschiddene Griewer goufe Blummen erausgerappt an Dëppen ëmgeworf. © Ville de Luxembourg
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
D'Ermëttlunge géifen den Ament nach lafen.