Vëlosbuttek ausgeraibert"Alarm ëm 3:33 Auer, um 3:37 Auer war kee méi um Site"

Luc Marteling
Pierre Weimerskirch
23 Vëloe goufen an der Nuecht op e Méindeg aus dem Trisport zu Jonglënster geklaut. De Schued ass héich.
Grousse Schued: Vëlosbuttek zu Jonglënster an der Nuecht op e Méindeg ausgeraumt
Wéi d'Brigange virgaange sinn, verroden d'Videoen; d'Fotoe vun dono beleeën d'Verwüüstung. Froen un de Proprietär Larry Conklin, dee seng Confrèrë warnt ...

Mat zwee oder esouguer 4 Vëloen am Grapp bësele se duerch de Buttek, am Hannergrond héiert een et rabbelen. Datt d'Abriecher alles anescht ewéi gedam virgaange sinn, dat beleeën d'Biller vun den Iwwerwaachungskameraen. A wéi vill Schued d'Brigangen ugeriicht hunn, dat weisen d'Fotoen: eng komplett zerstéiert Fënster a vill ëmgehäite Vëlosstänneren uechtert dem Buttek.

A véier Minutte war alles un an aus – esou faasst et de Larry Conklin zesummen. Hien ass de Proprietär vum Vëlosbuttek Trisport um Lënster Bierg an an der Nuecht op e Méindeg ass bei him den Alarm lassgaang. Ëm hallwer 4. Direkt dono hätt "all Beweegungsmelder Alarm geschloen" an dee Moment wier kloer gewiescht, "datt wierklech eppes geschitt ass", esou den Larry Conklin am RTL-Interview e Méindeg de Mëtteg.

Wéi "zwou Sekonnen drop" och d'Sécherheetsfirma nogefrot hätt, wier déi direkt op d'Plaz geschéckt ginn; zäitgläich hätt een d'Police informéiert.

Och "richteg deier Saache" geklaut

"Den Alarm ass ëm 3:33 Auer gaangen, um 3:37 Auer war kee méi um Site. Esou séier kann och wierklech déi beschte Police net do sinn", seet de Larry Conklin weider. Hien a seng Famill géifen net wäit ewech vum Buttek wunnen, mee och si hätten net kënnen esou séier do sinn. D'Brigange géife scho genee ausrechnen, wéi vill Zäit se hätten.

23 Vëloen hu se um Enn matgoe gelooss, erzielt de Proprietär, nawell wier et éischter e "komeschen" Abroch gewiescht, well et wier alles geklaut ginn, wat séier méiglech gewiescht wier, ouni onbedéngt alles am Detail ze kennen. Am Buttek war nämlech nach eng kleng Ausstellung mat Vëloe vu Paris-Roubaix, dorënner der dräi vum Tom Boonen – een, op deem e wierklech gefuer ass: "Den ass souguer futti, mir hunn dee just fir auszestellen, deen hu se och geklaut."

Et wieren awer och "richteg deier Saache" geklaut ginn.

De Larry Conklin wëll dann och all déi aner Vëlosgeschäfter warnen, datt hinnen net dat selwecht geschitt, mee hie géif net wëssen, wat en hätt kënnen anescht maachen.

D'Police confirméiert den Abroch an der Nuecht op e Méindeg op RTL-Nofro. D'Täter hätte sech dono mat enger Camionnette duerch d'Bascht gemaach a wieren trotz Sich duerch e puer Policepatrullen net fonnt ginn. D'Ermëttlunge lafen.

Et ass ewell deen zweeten Abroch an de Vëlosbuttek zu Lënster, virun e puer Joer ware schonn eemol e puer Vëloen do geklaut ginn. Op Silvester zejoert wollten dann och nach e puer Onéierlecher hiert Gléck probéieren, waren awer mat hirer Camionnette am Rampli virum Buttek hänke bliwwen, esou datt deemools näischt verschwonnen ass.

Op Facebook léisst de Buttek iwweregens wëssen, datt een alles géif drusetzen, fir en Dënschdeg nees kënnen opzemaachen.

Back to Top
CIM LOGO