Bus an der Stad an eng Fassad geranntE Buschauffer hat vergiess, eng Handbrems unzezéien

RTL Lëtzebuerg
De Stater Verkéiersschäffe Patrick Goldschmidt huet e Méindeg am Kader vun enger Gemengerotssëtzung Detailer iwwert d'Ursaach vum Accident genannt
De Bus kuerz nom Accident.
De Bus kuerz nom Accident.
© RTL

En Dënschdeg de 14. Abrëll war et an der Stad zu engem Accident komm, bei deem e Bus fir d'éischt en Auto ze pake krut an duerno an eng Fassad gerannt ass. Dräi Persoune goufen hei blesséiert.

E Méindeg huet de Stater Verkéiersschäffe Patrick Goldschmidt dann am Kader vun enger Gemengerotssëtzung Detailer iwwert d'Ursaach vum Accident genannt. Deemno wier e Buschauffer op engem Arrêt aus sengem Gefier geklommen an hätt vergiess, d'Handbrems ze zéien, sou de Patrick Goldschmidt. De Chauffer géing antëscht dann och kee Bus méi fueren, sou de Stater Verkéiersschäffen géigeniwwer Essentiel.

Back to Top
CIM LOGO