En Dënschdeg de Moie sinn an der Rue de Bonnevoie op der Héicht vun der Kräizung mat der Rue Bender en Auto an e Bus net laanschtenee komm. E Bus huet fir d’éischt en Auto ze pake kritt, ass du vun der Strooss ofkomm, en Trottoir erop, fir dann an der Fassad vum “Centre Europe Direct” un d’Stoen ze kommen.
D’Strooss huet wärend den Opraumaarbechte musse komplett fir de Trafic gespaart ginn.
Wéi de CGDIS mellt, goufen 3 Persoune bei deem Accident verwonnt. D’Rettungsdéngschter aus der Stad waren op der Plaz, grad ewéi d’Police.
En Dënschdeg de Moien um 7.25 Auer sinn tëscht Käerjeng a Péiteng 4 Autoen anenee gerannt. Zwou Persoune goufe verwonnt. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Péiteng, grad ewéi Ambulanze vu Péiteng a Suessem-Déifferdeng.
Um 8.20 Auer huet et op der A6 tëscht der Aire de Capellen an dem Echangeur Mamer gerabbelt. En Auto an e Moto waren hei kollidéiert. Eng Persoun gouf verwonnt. D’Pompjeeë vu Mamer a Stengefort goufen op d’Plaz geruff grad ewéi eng Ambulanz vu Mamer.