
De 6. Mee, also den nächste Mëttwoch, ass den éischte Rendez-vous en Vue vun der Tripartite. D‘Regierung huet da bilateral Reunioune mat de Gewerkschaften, respektiv dem Patronat. Dat huet de Premier Luc Frieden en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber am Kader vun enger Debatt iwwer déi annoncéiert Tripartite erkläert.
Den éischte groussen Echange zu Dräi ass dann den 12. Mee. An der éischter Juniwoch, warscheinlech den 2. an 3. Juni, kommen d‘Sozialpartner da mat der Regierung fir d‘Tripartite-Reunioune beieneen.
An den éischten Entrevuen am Mee wëll d‘Regierung d‘Haaptuleiesse vu Gewerkschaften a Patronat héieren. Aus Respekt virun de Sozialpartner wollt de Luc Frieden, trotz villen Nofroen vun den Deputéierten, net annoncéieren, iwwer wéi eng Theeme konkret wärend der Tripartite geschwat soll ginn.
Eréischt no den éischte Gespréicher soll d‘Chamber dann iwwer de generellen Ordre du Jour informéiert ginn. De Kontext wär dem Premierminister senger Meenung no awer kloer: den Iran-Krich a seng Konsequenzen an d‘Hausse vun den Energiepräisser.
Den 19. Mee wäert de Luc Frieden, wéi geplangt, seng Ried zu der Lag vun der Natioun um Krautmaart am Parlament halen. Hien huet awer confirméiert, der Tripartite doran net virzegräifen an am Detail net op d‘Problematiken anzegoen, fir déi do wäert no Léisunge gesicht ginn. Spréch: et kann een dovun ausgoen, dass de Premier am État de la Nation keng konkret kuerzfristeg Mesurë wäert annoncéieren.