
De Wäert vun der Lettre-clé gëtt net revaloriséiert. D’Lettre-clé ass eng monetär Valeur, déi d’Vertrieder vun den Doktere mat der Gesondheetskeess verhandelt. Multiplizéiert een d’Lettre-clé mat de respektive Koeffizienter fir déi divers Akten a Leeschtunge vun den Dokteren, kritt een en Tarif.
D’Doktesch- an Zänndoktesch-Associatioun AMMD huet d’lescht Joer eng Hausse vun 2,68 Prozent gefuerdert – de Maximum deen d’Gesetz erméiglecht. De Gesondheets- a Sozialministère wollt op Basis vun enger Hausse vun 1,34 Prozent d’Verhandlungen ugoen, sou d’Martine Deprez am Oktober an der zoustänneger Chamberkommissioun.
Eng Hausse vun 2,68 Prozent géing nämlech 24 Milliounen Euro méi Depense fir d’CNS, d’Gesondheetskeess duerstellen. Dat iwwerdeems d’Reserve vun der CNS trotz Apport vun 59 Milliounen Euro vum Staat d’nächst Joer de minimalen Niveau iwwerschreide géing. An dësem Fall missten d’Cotisatiounen dëst Joer gehéicht ginn. Bref: d’Regierung wollt bremsen.
Béid Säite si sech net eens ginn an eng Mediatioun konnt och näischt drun änneren. Dat Ganzt ass du virum Conseil supérieur de la sécurité sociale gelant. Resultat des courses: lo gëtt d’Lettre-clé guer net revaloriséiert. E Generalist zum Beispill kritt weider 61 Euro fir eng Basis-Consultatioun. (Stand 1. Januar 2025 war et 59,50 Euro, mee et gouf jo eng Indextranche am Mee.)
D’AMMD huet hir Konventioun mat der CNS Enn d’lescht Joer gekënnegt, eegenen Aussoen no net just wéinst dem Desaccord iwwert d’Lettre-Clé, mee well se Reforme vum Santéssecteur wollt erbäizwéngen. Trotz Kënnegung leeft de Buttek normal weider bis op Enn des Joers, duerno muss et en neien Accord ginn oder de Ministère muss tranchéieren.
De President vun der AMMD Chris Roller sot nach leschten Donneschdeg hei op der Antenn d’Verhandlunge mat der CNS géingen anstänneg iwwert d’Bün goen. Nom Urteel vum Conseil supérieur sot hien ons en Donneschdeg, hie wier “natierlech net frou”, datt den Tarif Null ugepasst gëtt. Dem 100,7 géintiwwer huet den Dokter vun engem “Schlag an d’Gesiicht” geschwat.