
De laangjärege fréiere Buergermeeschter vu Bauschelt a groussen USA-Frënd René Daubenfeld ass de 6. Abrëll 2026 no engem laange Kampf géint Kriibs am Alter vu 67 Joer gestuerwen. Dat deele “Luxembourg Legacy” an de Futtballclub “Green Boys 77 Harlange-Tarchamps” en Dënschdeg den Owend mat.
15 Joer laang war de René Daubenfeld Buergermeeschter vu Bauschelt. Am Juli 2021 war hie wéinst gesondheetleche Grënn vu sengem Posten zréckgetrueden, wéi hien deemools an engem Gespréich mat RTL erkläert hat.
De René Daubenfeld ass den 8. Juni 1958 op d’Welt komm an op engem Bauerenhaff zu Sir grouss ginn. Schonn am Ufank vu senger berufflecher Karriär wier hie fir Geschäftsreesen an d’USA gereest, wou hien eng Faszinatioun fir d’Vereenegt Staaten entwéckelt hätt, wéi “Luxembourg Legacy” schreift. Fir d’éischt huet hie fir d’Gemeng Bauschelt a Sir geschafft, éier hie Buergermeeschter vun der Gemeng gouf. Säin “Engagement fir d’Verbesserung vun der Gemeng huet hien zu enger geschater politescher Perséinlechkeet gemaach”, heescht et weider am Schreiwes.
Wéi de René Daubenfeld Buergermeeschter ginn ass, hätt hie vun de sëllegen Auswanderer aus der Gemeng, déi am 19. Joerhonnert an Amerika ausgewandert sinn, héieren. Dat hätt hien inspiréiert, mat der Fuerschung iwwer d’Auswanderung an Amerika unzefänken. 2001 hätt de Buergermeeschter d’Julie Jochum aus Bellevue am US-Bundesstaat Iowa kenne geléiert, déi Informatiounen iwwer hir Virfare gesicht huet. Zesumme mat hir hätt de René Daubenfeld méi spéit d’Iddi gehat, Reese vu Lëtzebuerg an d’USA z’organiséieren, fir datt “Lëtzebuerger déi fréier an aktuell Kultur vun de Lëtzebuerger an Amerika entdecke” kéinten. Esou hunn déi zwee zesumme “Building Bridges Tours” gegrënnt.
Jorelaang wier de René Daubenfeld an d’USA gereest an hätt seng Leidenschaft fir d’Geschicht vun de Lëtzebuerger an den USA mat sëllege Leit gedeelt an alles dofir gemaach, d’Relatiounen tëscht béide Länner ze fërderen, schreift “Luxembourg Legacy” weider.
An der Pensioun hätt de René Daubenfeld, deen ni bestuet war, “seng Zäit der Erfuerschung vun den Awanderer an d’Vereenegt Staaten an dem Opbau vun enger Datebank mat méi wéi 50.000 Awanderer an Amerika gewidmet”. Donieft hätt hie Lëtzebuerger Amerikaner, déi op der Sich no hire Wuerzele waren, duerch Lëtzebuerg gefouert. Dofir hätt de Kevin Wester, Grënner a CEO vu Luxembourg Legacy, de René Daubenfeld och 2023 gefrot, hie bei senge “Luxembourg Legacy Tours” z’ënnerstëtzen. Eigentlech hätt de René Daubenfeld dëse Mee nach wéilten eng Tour matmaachen, ma seng Gesondheet hätt dëst net méi zougelooss.