CCDH fuerdertRegierung muss konkreet an effektiv Mesuren am Kampf géint Zwangsaarbecht huelen

Claudia Kollwelter
Et géing een net verstoen, wéisou d'Regierung 7 Joer braucht, fir e Gesetzprojet op den Instanzewee ze bréngen, dee sech op existent Mesurë limitéiert.

Dat fuerdert d'Mënscherechtskommissioun a betount, datt een net versteet, wéisou d'Regierung 7 Joer gebraucht huet, fir e Gesetzprojet op den Instanzewee ze bréngen, dee sech op existent Mesurë limitéiert.

CCDH - Mënschenhandel / Rep. Claudia Kollwelter

Schonn 2014 huet d'Organisation internationale du Travail e Protokoll ausgeschafft, duerch dee sech déi Staaten, déi en ënnerschreiwen, engagéieren, fir verstäerkt a mat konkrete Mesurë géint de Mënschenhandel virzegoen. Am Januar ass de Projet de Loi deposéiert ginn, mat deem de Protokoll soll ëmgesat ginn. Dora wieren allerdéngs keng Gesetzesännerungen ze fannen, kritiséiert d'Mënscherechtskommissioun. E wichtege Punkt wier zum Beispill dee vun adequate Strofen, betount d'Juristin Anamarija Tunjic:

"D'CCDH stellt awer fest, dass zanter 2015 bei quasi all Condamnatioun am Beräich Mënschenhandel entweeder en integralen oder e partielle Sursis gesprach ginn ass. Ausserdeem ass an dëser Zäitperiod och keen Zoumaache vun engem Betrib gesprach ginn an deenen Affären, wou et em Mënschenhandel an der Aarbechtswelt goung."

Wat d'Entschiedegung vun den Affer ugeet, géifen d'Montante wäit ënnert deem leien, wat d'Affekote gefuerdert hunn.

"D'CCDH insistéiert op den effektiven Accès zu enger gerechter Entschiedegung a luet Regierung an, eventuell Obstakelen ze identifizéieren, déi dëst Recht aschränke kéinten. An deem Kontext insistéiert d'Mënscherechtskommissioun op d'Sensibilisatioun an d'Formatioun vun de Magistraten.", ënnersträicht d'Anamarija Tunjic.

Den aktuellen Aktiounsplang géint de Mënschenhandel vun 2016 géif an den Ae vun der CCDH keng spezifesch Mesuren am Beräich vum Mënschenhandel an der Aarbechtswelt virgesinn, behaapt d'Juristin:

"An deem Kontext widderhuele mir nach eng Kéier eis Recommandatioun, fir d'Syndikater un d'Ausschaffe vu konkrete Mesuren an dësem Beräich ze associéieren a se an de Comité de Suivi, deen all déi relevant Acteuren am Kampf géint den Mënschenhandel versammelt, anzelueden."

Wat d'ITM betrëfft, begréisst d'CCDH zwar, datt sech beim Rekrutement an der Formatioun eppes gedoen huet, allerdéngs géif d'Roll, déi d'ITM am Mënschenhandel spillt, negligéiert ginn. Hire Kompetenzberäich misst per Gesetz erweidert ginn. Et misst der CCDH no donieft e System en place gesat ginn, deen et erlaabt, fiabel a koherent Statistiken an alle Beräicher vum Mënschenhandel ze sammelen.

Back to Top
CIM LOGO