
Dat huet de Rechnungshaff e Mëttwoch an der Chamber annoncéiert, wou de Spezialrapport an enger ëffentlecher Sëtzung vun der Budgetskontrollkommissioun presentéiert gouf. Och de Chamberbüro huet schliisslech d’Decisioun geholl, den Dossier, deen oppe leet, dass d’Deputéiert vun de Piraten mat den ëffentleche Suen net seriö ëmgaange sinn, un de Parquet weiderzeginn. Dat huet de Chamberpresident Claude Wiseler e Mëttwoch am Nomëtteg annoncéiert.
Kloer ass nämlech spéitstens nom Spezialrapport: D’Comptabilitéit vun der Sensibilité politique vun de Piraten huet grouss Lacunnen. Et feele sëllege Rechnungen a Justificatiffer bei Depensë fir Kommunikatioun, Reesen a Restauratioun. Den Ënnerscheed tëscht Parteifinanzen an deene vun den Deputéierten, grad ewéi de Privatpersounen, kann a ville Fäll net gemaach ginn. Eng intern Kontroll gouf et kaum.
De Rechnungshaff huet an der Period vun 2018 bis 2023 en Echantillon vun ronn 630.000 Euro geholl. Fir eppes iwwer 18 Prozent dovun, also 118.000 Euro, hätt ee keng Piècë kritt, esou de Vertrieder vun der Cour des comptes. Fir eng Zomm vun 90.000 Euro hätt een explizitt nogefrot. Um Enn feelen do d’Piècë fir 68.000 Euro. D’Cour des comptes huet och betount, et wär schwéier, den Iwwerbléck ze behale bei de Montanten. Et wär just d’Spëtzt vum Äisbierg huet ënnert anerem déi gréng Deputéiert Sam Tanson ze bedenke ginn.
D’Piraten haten an deene fënnef Joer zäitweis dräi Deputéierter. Dem Rechnungshaff no wier besonnesch een Deputéierte vun de Piraten opfälleg. Den Numm gouf wärend der Reunioun net genannt. RTL-Informatiounen no war et de Sven Clement, deen dacks eppes bezuelt, a sech selwer rembourséiert gehat hätt. Och ouni den Numm ze nennen, sot de Mars Di Bartolomeo vun der LSAP, et géif esou ausgesinn, ewéi wann op mannst ee vun de Piraten-Deputéierte mat de Sue vun der Chamber ëmgaange wär ewéi en engem Self-Service-Buttek.
Ënnert anerem RTL hat schonn am Oktober 2024 gemellt, dass den Deputéierte Marc Goergen sech ronn 33.000 Euro vun der Sensbilité politique vun de Piraten geléint hat, déi hien duerno och zeréckbezuelt hat. Ma Piècen ginn et keng, ewéi e Mëttwoch däitlech gouf. An d‘Cour des comptes erënnert drun, dass eng Sensibilitéit an der Chamber keng Prête kann ginn.
De Sven Clement, deen d’Pirate jo gegrënnt hat, schwätzt vu grousse Feeler, déi een als onerfueren Deputéierter bei der Compta gemaach hätt. D’Rechnungen a Justificatiffer wäre laang Zäit “an enger Schungkëscht” geréiert ginn. Am Interview no der Presentatioun huet hie confirméiert, dass ee scho vill Recommandatioune vum Rechnungshaff fir eng besser Gestioun vun de Finanzen ëmgesat hätt. Zu senger Relatioun mam Deputéierten Marc Goergen sot de Sven Clement, si zwee wären an de leschte Jore méi räif ginn an hätten decidéiert, de Problem zesummen an de Grëff ze kréien, amplaz sech ze streiden.
Aner Fraktioune reagéiere reegelrecht schockéiert op dem Sven Clement seng Aussoen. De Fraktiounschef vun der CSV Laurent Zeimet fënnt et “onméiglech”, dass d’Piraten et elo duerstelle géifen, wéi wann duerch si méi Transparenz an d’Finanze vun de Chamberfraktioune kéim. De Marc Baum vun déi Lénk nennt dat esouguer “obszön”. Hien ass der Meenung, d’Cour des comptes misst elo beoptraagt ginn, alleguer d’Konte vun de Pirate mat der Genauegkeet ewéi beim Echantillon z‘analyséieren.
Déi chaotesch Situatioun bei de Finanze vun de Piraten am Parlament géif riskéieren, e schlecht Bild op all d’Fraktiounen ze geheien an d’Vertrauen an d’Politik ze schwächen. Ma dat hei wär en negativen Eenzelfall. Dat de Constat vun den anere Parteien no der Presentatioun vum Rechnungshaff.