
Lëtzebuerg stécht, genee wéi ganz Europa, an enger energeetescher Transitiounsphas. Ma well déi och eppes kascht an net jidderee sech dat ouni Weideres leeschte kann, muss all EU-Memberland ee Plan social pour le climat ausschaffen. An dee Plang gouf en Donneschdeg de Moie vum Ëmweltminister Serge Wilmes an dem Wirtschaftsminister Lex Delles an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert. Virum Hannergrond vum Iran-Krich an den héijen Energiepräisser huet dee Plang nach eng zousätzlech Aktualitéit kritt. Den DP-Deputéierte Luc Emering gëtt ze bedenken, datt de Plang virun der aktueller Kris ausgeschafft gouf a virop laangfristeg Mesuren dora festgeschriwwe sinn. Ma verschidde Mesurë géingen d’Leit awer och zimmlech séier spieren.
“Zum Beispill eng Kompensatioun vun der CO2-Steier fir déi vulnerabel Stéit, déi direkt um Paiziedel kompenséiert gëtt, wäert sécherlech d’Menagen entlaaschten.”
Och fir den CSV-Deputéierten a President vun der parlamentarescher Ëmweltkommissioun Paul Galles fanne sech am Dokument eng Rei Mesuren, déi d’Leit séier spieren. Nieft direkte finanziellen Entlaaschtungen, wéi bei der CO2-Steier, wier wichteg, datt d’Transitioun hin zu erneierbaren Energië virugedriwwe gëtt:
“Bei den Aidë selwer gëtt et zum Beispill eng Rei Iwwerleeungen iwwert Energiegemeinschaften, et gëtt Iwwerleeungen iwwert d’Bornen. Dat heescht a mengen A ginn elo scho konkret Schrëtt ënnerholl, fir erneierbar Energien an eise Reseau ze kréien an déi dann och ze verdeelen. Well dat ass jo de grousse Problem, et geet net duer, datt een einfach seet, mir hunn elo méi erneierbar Energien, mee déi musse jo dono och ukommen, wou se gebraucht ginn, zum Beispill iwwert d’Bornen.”
Ma grad déi Leit, déi vill fossil Energien notzen, dierften déi deels ganz staark Fluktuatiounen um Weltmarché awer weider spieren. Trotzdeem misst een un der energeetescher Transitioun festhalen.
Dat fënnt och de Franz Fayot vun der LSAP. Och wann hien de Plang u sech begréisst, géing et am grousse Ganzen un Ambitioune feelen. Et géing quasi just mat Subventioune geschafft ginn, dobäi misst een och Taxen, Verbueter an de Pollueur-Payeur-System an d’A faassen.
“Et ass zum Beispill eng Mesure dran, wou et drëm geet, fir eidel Wunnengen ze sanéieren, do muss een da soen, dat ass eng gutt Saach, mee et dierft am Fong net méiglech sinn, hei am Land eng Wunneng eidel stoen ze loossen. Mir sinn ee Land, dat eng riseg Wunnengskris huet mat enger grousser Deierecht a fir et do einfach Proprietären ze erlaben, eng Wunneng eidel stoen ze loossen, ass am Fong net akzeptabel.”
Net iwwerzeegt vum Plang ass iwwerdeems den Tom Weidig vun der ADR. Senger Meenung no sollten déi meeschte Mesurë carrement ganz ofgeschaaft ginn.
“Well si verzerren nëmmen de Marché. Wa mir lauter Subside musse ginn, dann heescht dat näischt anescht, wéi datt déi Technologien nach net räif sinn, fir datt se vun de Leit geholl ginn an datt se einfach nach ze deier sinn.”
Déi héich Energiepräisser géingen dann och zu engem gudden Deel un enger verfeelter, well irrationaler, Energiepolitik leien.
Schonn Enn d’lescht Joer gouf eng éischt Versioun vum Plang mat 48 Mesurë presentéiert, ma vun Enn Oktober bis Mëtt Januar dëst Joer konnt de breede Public iwwert de Site zesumme-vereinfache.lu nach Iddien erabréngen. Vun engen 110 Propose wieren der 82 agefloss an eng Partie vun deenen, déi net zeréckbehale goufen, géinge schonn iwwert aner Instrumenter ëmgesat ginn.