
D'Preparative lafen den Ament op Héichtouren. Mir hu mam Coordinateur vun der Plattform fir d'Betreiungsstrukturen hei am Land geschwat, deen och elo am Lockdown a sengem Haus weider geschafft huet.
Den Ament funktionéieren am ganze Land nëmmen 9 Opfankstrukturen, déi all zesummen an der Moyenne tëscht 60 a 70 Kanner an der Woch betreien. Et si kleng Kanner an där am Grondschoulalter, deenen hir Elteren am Santésberäich an dem Fleegesecteur schaffen. Covid-Infektiounen hat een, dem Educatiounsministère no just eng bei engem Mataarbechter, deen ersat gouf.
60 bis 70 Kanner am ganze Land, dat ass natierlech eng ganz aner Gréisstenuerdnung, wéi déi Zuel vu Kanner, déi an normalen Zäiten an de Betreiungsstrukturen ageschriwwe ginn. Zu Wolz beispillsweis ware grad mol maximal 2 Kanner mateneen do. Do wou se an normalen Zäiten zu 170 hirer sinn. De "Social distancing" léisst sech esou natierlech ëm sou méi einfach applizéieren, dat weess och de Responsabele Laurent Roder. Esou huet ee probéiert, d'Mesuren, wéi de social Distancing an d'Masken, z'applizéieren, ma awer och huet een de Kanner vill Saachen erkläert a mat hinne geschafft.

D'Kanner wieren och duerch de Beruff vun hiren Eltere scho sensibiliséiert gewiescht, sou den Direkter vum Kannerhaus Wolz, ma allgemeng misst een de Kanner awer och zougestoen, déi aktuell Situatioun ze verstoen a sech un d'Spillreegelen ze halen. Dowéinst soll een och en Deel Vertrauen an d'Kanner setzen, fir datt si déi Situatioun och aktiv kënne matgestalten.
Natierlech kéint een net mat Puppelcher a klenge Kanner eng Distanz vun zwee Meter anhalen. Hei missten aner Hygiènesmesuren, aner Barrièresgesten applizéiert ginn, zum Beispill sech vill méi dacks d'Hänn desinfizéieren. Déi gréisst Erausfuerderung gesäit de Laurent Roder bei der Logistik. Do ass et méi komplizéiert, fir genuch Raim a Plaz ze fannen, fir de social Distancing kënnen ze garantéieren. Et brauch een awer och genuch Personal, fir déi eenzel Gruppe kënnen opzefänken.
Grad beim Personal misst ee Covid-bedéngt jo och mat Ausfäll rechnen.
Bis d'Crèchen an d'Maison-relaisen de 25. Mee a priori nees opginn, mussen net nëmmen eng ganz Rei Kader-Eelementer nach gekläert ginn, wéi a klenge Gruppen geschafft ka ginn oder d'Kanner och a Covid-Zäite spille kënnen, ma och d'Personal misst iwwert déi genee Ofleef an de jeeweilege Strukturen informéiert a konkreet op déi wichteg sanitär Geste gebrieft ginn, och fir Onsécherheeten erauszehuelen. Et muss een awer dozou och soen, datt d'Leit musse verstoen, datt de Virus net fir jiddereen déidlech ass, esou de Laurent Roder. Awer missten d'Strukturen alles dru setzen, fir de Risiko vun enger Infektioun ze miniméieren.
Jidderee wier op alle Fall gewëllt, aktiv matzeschaffen, fir eng gewëssen Normalitéit erëmzekréien, sou de Laurent Roder.