
Wou si mer dru mam geplangte Radiologie-Zenter op der Cloche d'Or? Och wann de concernéierte Grupp Radiologe vun der Justiz Recht krut, léisst d'Ëmsetzung vun dësem "Centre pluridisciplinaire extrahospitalier" weiderhin op sech waarden. Et hänkt een elo bei der Tarifikatioun, bei de Käschte vun der Apparatur. D'Santé verweist op de Plan national de santé, de concernéierte Radiolog huet es sou lues genuch.
Als Rappell: Déi fréier Gesondheetsministesch Lydia Mutsch hat d'Pläng an enger éischter Phas refuséiert. Déi betraffen Dokteren hu geklot a krute Recht.
Déi ministeriell Autorisatioune fir IRM, Scanner asw. sinn do. Am Hierscht wieren och Apparater rausgesicht ginn, sou de Radiolog Renzo del Fabbro. Ma lo géing ee bei der Finanzéierung hänken:
D'Autorisatioun fir den IRM ass bis den Oktober hifälleg. Wa mer bis dohi keen Accord fir en Tarif hunn, da musse mer rëm vir ufänken. Ech perséinlech wäert dann net méi vir ufänken. Et war einfach ze vill Aarbecht. Mir hunn och kee Gespréichspartner méi. Mir schwätze mat Beamten an do geschitt da guer näischt.
Verschidde Kolleege wieren och scho beim Projet ofgesprongen, well et einfach net weider geet. Den Dokter Del Fabbro versteet och guer net, datt lo plazeweis eng Diskussioun iwwer eng Zwee-Klasse-Medezin gefouert gëtt, dorëms géing et guer net goen.
De Problem ass, datt et fir eng extrahospitaliär Apparatur nach keng legal Basis gëtt. D'Dokteschassociatioun AMMD huet dofir ugangs dës Joers eng Propos gemaach, fir d'Nomenklatur op deem Punkt ofzeänneren. Dëst Dokument huet een der CNS zoukomme gelooss, och d'Inspektioun vun der Sécurité sociale, d'Nomenklaturskommissioun an de Gesondheetsministère wieren informéiert.
Fir den AMMD-President, den Dokter Alain Schmit, ass dat Ganzt eng politesch Fro:
Et ass eng politesch Fro an déi muss gekläert ginn. Déi Diskussioune mussen opgemaach ginn an dat ass am Moment net de Fall.
Vun der Santé heescht et, datt d'AMMD nach keng offiziell Demande gemaach hätt. Wann déi politesch Fro gekläert wier, da kéint een och eng Saisine schreiwen, äntwert den Dokter Alain Schmit.
Mat Bléck op d'Pläng vum Radiolog Del Fabbro bräicht een op alle Fall lo onbedéngt dee Finanzéierungsschlëssel.
Do hänkt et, do bäisst d'Kaz sech an de Schwanz. Dofir ass eis Fuerderung un d'Politik, dass se déi Diskussiounen zäitno weider féiert, sou datt mer hei zu engem gescheite Schluss kommen.
D'Demande wier op alle Fall urgent.
An der schrëftlecher Äntwert vun der Santé heescht et iwwregens weider, datt et fir schwéiert Equipement bausst Spideeler effektiv kee Reegelwierk gëtt. Do wier eng Planifikatioun néideg an dës soll an den neie Plan national de santé afléissen.
Do wéilt ee mat allen Acteure schwätzen, och zwee Chamber-Debate si virgesinn. Wann all déi Diskussiounen ofgeschloss sinn, wäert de Gesondheetsplang presentéiert ginn an dann de Kader fir d'Organisatioun vun dësem schwéieren Equipement stellen, sou d'Santé.