Accès zu HormontherapiePsychiatresch Begleedung vun 1 - 2 Joer net ausdrécklech virgeschriwwen, sou Santésministesch Deprez

RTL Lëtzebuerg
An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro gëtt d'Gesondheetsministesch Martine Deprez zou, datt CNS an de Contrôle medical vun der Sécurité sociale falsch Informatiounen an Zesummenhang mat de Viraussetzunge fir Accès zu Hormontherapien erausginn hunn.
© Pedro Venâncio

Et gëtt aktuell weder am Ministère, nach an de Statutte vun der CNS eng ausdrécklech Bestëmmung, déi seet, dass een eng psychiatresch Begleedung vun een oder zwee Joer als Viraussetzung fir eng Hormon-Therapie muss duerchlaf hunn. Dat geet aus der Santésministesch Deprez hirer Äntwert op eng parlamentaresch vun den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo a Claire Delcourt vun en Dënschdeg ervir.
Et geet ëm den Accès zu Hormonersatz-Therapië fir Trans- an Non-binär Persounen. Déi hätte genee dat awer gesot kritt.

D'CNS an de Contrôle medical vun der Securité social hätten deemno falsch Informatiounen erausginn, gëtt d'Ministesch zou, déi eng Reunioun mat de responsabele Servicer annoncéiert, fir dee Mëssel aus der Welt ze schafen.

Back to Top
CIM LOGO