
Ënnert anerem d'Stad Lëtzebuerg an Esch erloossen de Locatairë vu Geschäfter a Restauranten de Loyer wärend der Corona-Kris. Dat bezitt sech natierlech just op d'Lokalitéiten, déi dëse Gemenge gehéieren.
Déi privat Proprietäre kënnen net gezwonge ginn do matzemaachen.
D'Unioun, déi am Numm vun dëse Proprietäre schwätzt, recommandéiert senge Memberen elo mol nach net generell op de Loyer ze verzichten. Dofir gëtt si nawell ferm kritiséiert.
De Mëttelstandsminister Lex Delles hat e Mëttwoch Solidaritéit vis-à-vis vun den Kleng- a Mëttelbetriber gefuerdert. Och vun de private Proprietären.
Lex Delles: "Och si froen ech, aus engem Geste vu Solidaritéit, zesumme mat hire Locatairen ze kucken, en Arrangement ze fannen, fir vläicht de Loyer temporär ausfalen ze loossen oder anescht."D'Unions des propriétaires hat virdrun en Appell un d'Membere gemaach, de Locatairen de Loyer net ze erloossen, ewéi d'Stad Lëtzebuerg dat zum Beispill gemaach hat. Den LSAP-President Yves Cruchten kritiséiert dës Positioun.
Yves Cruchten: "Dat fannen ech am Moment absolutt net ubruecht an nieft der Plack".
D'Unioun vun de Proprietäre ass net beandrockt.
De President Georges Krieger: "Ech bleiwen ëmmer nach bei der doter Positioun. Éischtens emol: elo ass de Loyer vum Mäerz bezuelt. Zweetens: wa mir muer domatten ufänken, datt de Locataire net säi Loyer bezilt, an de Proprietär bezilt dann seng Avances sur charges net un de Syndikat. An dee bezilt d'Facturen net vun deem, deen um Haus geschafft huet, an dee bezilt säin Fournisseur net...''
Jee, de ganze Flux vu Rechnunge kéim duercherneen, seet den Maître Krieger. Natierlech sollt jidderee seng Rechnunge bezuelen, seet och den Yves Cruchten. Ma hie géif och solidaresch Proprietäre kënnen.
Yves Cruchten: ''Déi si bereet, hire Locatairen entgéintzekommen. Dass se hinne vläicht soen, komm mir strecken de Loyer oder mir setzen een aus. Dir bezuelt mir e vläicht méi spéit oder e bësse manner.''Ech wëll guer net onsolidaresch sinn, kontert de Georges Krieger. Deem seng Ausso da guer net méi esou wäit fort ass, vun där vum Yves Cruchten.
Georges Krieger: ''Ech hu just nëmme gesot, fir all individuelle Fall soll de Proprietär evaluéieren, ob en et soll maachen oder net. Mir sollten am Moment net an eng Fal glëtschen, wou jiddereen seng Payementer suspendéiert.''Dat géif den Entreprisë méi schueden ewéi e Loyer, dee wéi deet, esou de President vun der Unions des proprietaires.
De Stater Geschäftsverband mécht en Appell un d'Proprietären. Et wiere Commerçanten, déi wéinst der Situatioun iwwerhaapt keng Recettë méi hätten. D'Personalkäschten an d'Loyere géingen awer weiderlafen, d'Loyere géinge besonnesch d'Geschäftsleit am Stadzentrum haart treffen.
Dofir ginn d'Bailleuren opgeruff, fir wärend der aktueller Kris op d'Loyeren ze verzichten. D'Regierung kéint op där aner Säit awer och kucken, wéi een de Proprietäre kéint ënnert d'Äerm gräifen.