Administration pénitentiaire annoncéiert ChangementerPrisongsreform soll Sécherheet an Effikassitéit verbesseren

RTL Lëtzebuerg
Mat der Prisongsreform sollen d'Sécherheet an d'Effikassitéit verbessert ginn, wéi och d'Administratioun generell méi transparent ginn.
© Domingos Oliveira

Ënner anerem gëtt e Service criminologique geschaaft, deen d’Prisongspopulatioun evaluéiert. Changementer kommen och z.B. bei den Dispositioune fir Duerchsichungen a beim disziplinaresche Regime. D’Moyene fir géint den Drogeschmuggel ze kämpfen, solle verbessert ginn, ënner anerem soll do d’Roll vun Hënn gestäerkt ginn. Geeschtlecher a moralesch Beroder solle méi einfach Accès an d’Installatioune kréien. Dat deelt d’Prisongs-Administratioun en Dënschdeg an engem Schreiwes mat.

Liest hei d’Schreiwes vun der Prisongsadministratioun

Back to Top
CIM LOGO