
Dat ass zum Beispill zu Diddeleng de Fall, wou am Park Lé'h esou en Traitement géint dës Zort Raupen ufänkt.
U sech soll den Traitement d'nächst Woch sinn, mä gouf op d'Woch vum 17. Mee verluecht. Esou eng Mesure géint d'Raupen an hir Näschter ass och op villen anere Plazen am Land de Fall.
Am Diddelenger Park Lé'h hat de Kloterpark zejoert souguer wéinst dem massiven Optriede vun den "Eichenprozessionsspinner" missen temporär zoumaachen.
Mëtt Juli ass d'Entwécklung vum Päiperlek u sech ofgeschloss, mä d'eidel Näschter stelle weiderginn eng Gefor fir Mënsch an Déier duer. Wien nämlech mat den Hoer vun de Raupen oder de Larven a Kontakt kënnt, ka mat Ausschlag, Entzündungen oder souguer staarken allergesche Reaktioune geplot ginn.
D'Näschter vun den "Eichenprozessionsspinner" dierfen nëmme vun spezialiséiere Firmen ewechgeholl ginn.