An Autoen agebrachPresuméierten Täter konnt duerch Hëllef vun Zeie festgeholl ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Police konnt um Sonndeg de Moie fréi géint 4 Auer e Mann pëtzen, deen an 2 Autoen agebrach war a geklauten Objete bei sech hat.
© Pixabay

En Zeien hat de Mann um Boulevard Baden-Powell an der Stad observéiert an d'Police ugeruff.

Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, war den Onéierleche scho fort, ma duerch eng gutt Beschreiwung konnt den Déif schlussendlech gepëtzt ginn.

Back to Top
CIM LOGO