LiewensmëttelverschwendungPop-Up-Store soll d'Leit zum Nodenke bréngen

RTL Lëtzebuerg
Hutt Dir Iech jee gefrot, wat eigentlech mam Geméis a mat de Mëllechproduite geschitt, wat ästhetesch oder Datum-technesch net eiser Norm entsprécht?
Pop-Up-Store soll d'Leit zum Nodenke bréngen
Hutt Dir Iech jee gefrot, wat eigentlech mam Geméis a mat de Mëllechproduite geschitt, wat ästhetesch oder Datum-technesch net eiser Norm entsprécht?

Dës Fro hu sech och d’Julia, d’Aline an d’Fabienne gestallt an d'Äntwert war erschreckend.

Ronn 30% vun allem Geméis gëtt schonn um Feld aussortéiert, well et optesch net eiser Konventioun entsprécht. Och Mëllech- an Drécheproduiten am Supermarché landen ëfters scho virum Oflaf vum Mindesthaltbarkeetsdatum am Biogas. Resultat: hei am Land gi ronn 124kg Liewensmëttel op de Kapp verbëtzt an dat all Joer. Eng Statistik, déi ëmsou méi schockéiert, wann ee bedenkt, dass nach ëmmer ronn 1 Milliard Mënsche weltwäit un Honger leiden.

Och déi dräi Frëndinnen, d’Julia, d’Aline an d’Fabienne, huet dës Erkenntnis zu déifst schockéiert. Esou hu si decidéiert, och hiren Deel dozou bäizedroen, d’Leit op déi onnéideg Liewensmëttelverschwendung opmierksam ze maachen. Hir Iddi: eng Epicerie opmaachen, wou dat onperfekt Geméis an all d’Wueren, déi kuerz virum Mindesthaltbarkeetsdatum (oder dëse rezent iwwerschratt hunn) eng zweet Chance kréien.

Nodeems si hiert Konzept dräimol mat Frënn a Famill getest hunn, war elo de Moment komm, fir de Public mat anzebezéien. Esou hu si dann am Kader vum internationalen Anti-Gaspi-Dag hiren éischte Pop-up-Store organiséiert. Fir eise Reportage hu mir si bei de Virbereedunge fir de groussen Optakt begleet.

Méi Informatioune fënnt een op hirem Site.

Back to Top
CIM LOGO