Vum Minister empfaangen Pompjeeën, déi bei Bëschbränn a Gironde (F) am Asaz waren, nees zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
15 Lëtzebuerger Pompjeeë sinn aus der Gironde zeréck. Véier Deeg laang hu si am Südweste vu Frankräich gehollef, nodeems méi wéi 42.000 Hektar Bësch verbrannt waren.
Pompjeeën, déi bei Bëschbränn a Gironde (F) am Asaz waren, nees zu Lëtzebuerg
15 Lëtzebuerger Pompjeeë sinn aus der Gironde zeréck. Véier Deeg laang hu si am Südweste vu Frankräich gehollef, nodeems méi wéi 42.000 Hektar Bësch verbrannt w

Kuerz virun Hallefnuecht sinn d’Gefierer an der Kasär ukomm. E Mëttwoch de Mëtte gouf d’Material kontrolléiert, gebotzt an nees prett fir den nächsten Asaz gemaach. Fir d’Pompjeeë war et en Asaz an enger Dimensioun, déi si vun doheem net kennen.

"D’Envergure, dat war definitiv beandrockend. Awer, wat mech am meeschte markéiert huet, ass d'Solidaritéit an d'Resilienz vun de Leit do ënnen", seet de Jérôme Glesener vum CIS Suessem-Déifferdeng. D’Awunner hätten d’Ekippe ronderëm d’Auer ënnerstëtzt a fir si gekacht. D’Aarbecht war kierperlech an emotional ustrengend. Schläich hu missen duerch de Bësch gezu ginn, d’Temperature waren héich an d’Nuechte kuerz.

"Et war belaaschtend, engersäits natierlech op deem emotionalen Niveau, mat deem wat een alles gesinn huet", seet de Max Delvaux, Offizéier am CIS Suessem-Déifferdeng. D’Lëtzebuerger hunn enk mat Pompjeeën aus dem Departement Moselle zesummegeschafft. Dobäi hunn si och nei Asazmethoden kennegeléiert.

De Chef de Mission Jean-Luc Rind nennt virun allem d’Opdeelung vum Asazgebitt a verschidde Secteuren an déi strikt Trennung tëscht gutt accessibele Beräicher an dem Bësch. "Dat ass eng Taktik, déi een och kéint envisagéieren, eng Kéier hei ze iwwerhuelen."

D’Erfarunge sollen elo ausgewäert ginn. Den CGDIS wëll och franséisch Formatiounsprogrammer analyséieren an eventuell un déi Lëtzebuerger Verhältnisser upassen. Fir den Inneminister Léon Gloden huet d’Missioun gewisen, datt de CGDIS bannent kuerzer Zäit en Asaz am Ausland organiséiere kann. "Mir hunn d’Ekipement, mir hunn d’Manpower, mir hunn de Know-how."

Lëtzebuerg ass Deel vum europäesche Rettungsmechanissem a kéint och bei weidere Bëschbränn ëm Hëllef gefrot ginn.

© CGDIS

PDF Schreiwes CGDIS

Back to Top
CIM LOGO