Familljesträit zu DiddelengPolice tasert Mann, dee Glasdier futti gemaach hat a gedreet huet, sech selwer ze blesséieren

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend gouf d'Police wéinst engem Familljesträit zu Diddeleng op de Plang geruff.
© Laurent Weber

E Samschdeg den Owend gouf d’Police wéinst engem Familljesträit zu Diddeleng op de Plang geruff.

De Beamte war ee Mann gemellt ginn, deen am Kader vum Sträit eng Glasdier an enger Wunneng futti gemaach hätt. Op der Plaz hunn d’Beamten de Mann op der Terrass vun der Wunneng ugetraff, wou hie mat enger Schierbel am Grapp gedreet huet, sech selwer ze verletzten.

De Mann wollt d’Schierbel net fale loossen, esou datt d’Beamten decidéiert hunn, sech Verstäerkung ze ruffen. De Groupe de support opérationnel koum op d’Plaz. An Tëschenzäit hunn d’Beamte weider probéiert, de Mann dozou ze bréngen, déi improviséiert Waff falen ze loossen - ouni Erfolleg.

De Mann huet weider domat gedreet, sech selwer ze blesséieren. D’Police deelt an hirem Bulletin mat, datt de Mann deemno eng Gefor fir sech an anerer duergestallt hätt, grad och nodeems hien annoncéiert hat, bei eng aner Persoun zeréck an d’Wunneng ze goen. De Beamten no gouf dunn den Taser agesat, nodeems de Mann e puer Mol virgewarnt gouf.

De Mann konnt duerch den Asaz immobiliséiert ginn an d’Schierbel gouf him ofgeholl. Hie koum an d’Spidol.

Leit, akut Gedanke vu Selbstverletzung hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse kréien, dat um Telefon 45 45 45 oder per Chat a per Mail.

Back to Top
CIM LOGO