Wie kennt dës Fraen?Police sicht no Zeien am Fall vu geklauter Posch an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Den 22. September zejoert gouf an der Stad eng Posch geklaut. Elo sicht d'Police an dem Fall no Zeien.
© Police

Am Kader vun den Enquêten huet sech nämlech erausgestallt, datt um Lampertsbierg probéiert gouf, mat de Kreditkaarte vum Affer Suen opzehiewen. An deem Kader sicht d’Police elo no Zeien an huet Fotoe vun zwou Frae publizéiert. No den zwou Frae géif gesicht ginn, heescht et am Policebulletin.

Wien Informatioune zu de gesichte Fraen huet, ass gebieden, sech um Policebüro vu Réimech/Munneref ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 77 1000 oder per Mail un Police.remichmondorf@police.etat.lu ze mellen.

© Police

Back to Top
CIM LOGO