Affer beklaut an um Kapp blesséiertPolice sicht no Iwwerfall zu Heeschdref no Zeien

RTL Lëtzebuerg
Am Kontext vun engem gewaltsamen Iwwerfall op der Gare zu Heeschdref vum 25. Februar sicht d'Police elo no Zeien.
© RTL Grafik

En Täter huet hei géint 20.30 Auer zwou Persoune mat engem Messer menacéiert an ass géigeniwwer enger vun hinnen och handgräiflech ginn, woubäi dës liicht um Kapp blesséiert gouf. Ënner anerem Schong, eng Jackett an en Handy huet den Täter beim Iwwerfall matgoe gelooss.

Eventuell Zeie vum Iwwerfall si gebieden, sech beim Policebüro vu Miersch ze mellen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 90 1000 oder per Mail u Police.MERSCH@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO