Wie kennt dës Zaang?Police sicht Besëtzer vu geklaute Géigestänn, dorënner Geschier an Handyen

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet e Mëttwoch de Moien en Opruff un d'Populatioun gemaach, an der Hoffnung, d'Besëtzer vun enger Rei geklaute Géigestänn ze fannen.
© Police

D’Géigestänn wieren am Kader vun Ermëttlunge saiséiert ginn, esou d’Police an hirem Bulletin. Nieft enger Rei Smartphones sinn och Bluetooth-Boxen a -Kopfhörer, ma och relativ vill Geschier, wéi zum Beispill eng Rei Zaangen, Tourne-vissen a souguer een Akku-Buerer dobäi.

D’Besëtzer si gebieden, sech un de Policebüro vun Dikrech-Veianen ze wenden, ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 801 000 oder per Mail un police.diekirchvianden@police.etat.lu.

An de leschte Stonne goufen der Police dann och eng Rei Abréch gemellt. En Dënschdeg am Nomëtteg sinn, éischten Informatiounen no, onbekannt Täter an ee Lokal zu Réimech agebrach an hunn do ënnert anerem Boergeld matgoe gelooss. E bësse méi spéit am Dag gouf dann nach een Abroch zu Géisdref gemellt. Hei haten Abriecher eng Terrassendier aus Glas ageschloen, sinn an d’Haus gaangen an hunn et duerchwullt. A béide Fäll huet d’Police d’Ermëttlungen opgeholl.

Op hirem Site huet d’Police dann nach e puer Tipps publizéiert, wéi ee preventiv géint Abréch ka virgoen.

Back to Top
CIM LOGO