
Am Kader vun enger Kontroll um spéide Méindegowend an der Rue Joseph Junck am Garer Quartier an der Stad goufen d’Beamte vun der Police opmierksam op e Mann, dee sech beim Erblécke vum Police-Auto séier a Richtung Gare fortbeweegt huet. Wéinst “verdächtege Schléck-Beweegungen” gouf et de Verdacht op Drogenhandel an de Mann gouf kontrolléiert.
Eng Ënnersichung mam Scanner war positiv, esou d’Police. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Drogendealer festgeholl an e Méindeg engem Untersuchungsriichter virgefouert.
Schonn am Nomëtteg e Méindeg war der Police en Tëschefall op der Gare zu Ettelbréck gemellt ginn. E Mann hätt an engem Bus gejaut an och do urinéiert. Wéinst sengem staark alkoholiséierten Zoustand gouf de Mann medezinesch ënnersicht an an den Arrest bruecht.
An der Nuecht op en Dënschdeg goufen an der Rue Marie et Pierre Curie an der Stad beschiedegt Säitespigelen u verschiddene Police-Déngschtautoe festgestallt. E verdächtege Mann, dee sech an der Géigend opgehalen hat, konnt no enger kuerzer Poursuite gestallt ginn.
D’Police deelt mat, datt de Mann kuerz virdrun nach wéinst Alkohol um Steier um Police-Büro war an nom Verloosse vun där Plaz méiglecherweis d’Gefierer beschiedegt hätt. No enger medezinescher Kontroll gouf de Mann wéinst sengem Zoustand a well hien eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet an den Arrest bruecht. E Protokoll gouf erstallt.
Géint 1.45 Auer an der Nuecht gouf an der Avenue de la Liberté zu Nidderkuer e Mann gemellt, dee sech an engem Appartementshaus donieft beholl soll hunn. D’Persoun war scho virdrun opgefuerdert ginn, d’Gebai ze verloossen, war awer zeréckkomm.
Wéi d’Police op der Plaz de Mann nees eraus begleede wollt, soll dësen d’Beamte provozéiert hunn. Wéinst sengem alkoholiséierten Zoustand an der Stéierung vun der ëffentlecher Uerdnung gouf och hien an den Arrest bruecht. Zousätzlech gouf e Protokoll wéinst Beleidegung vun de Beamten erstallt.
Donieft goufen an de leschte Stonnen och e puer Abréch gemellt. Zu Hengescht sinn onbekannt Täter e Méindeg am Nomëtteg iwwer eng ageschloe Fënster an en Haus agebrach an hunn e puer Raim no Wäertgéigestänn duerchsicht.
En zweeten Abroch gouf um spéiden Owend an der Rue de Roeser zu Alzeng gemellt. Hei sollen d’Täter iwwer eng Terrassendier an d’Wunneng komm sinn an och hei verschidde Raim duerchwullt hunn.
A bléide Fäll gouf d’Ermëttlung opgeholl.