
Och d’Pompjeeë wieren op der Plaz gewiescht. D’Police huet eis op Nofro hin den Asaz confirméiert an erkläert, et wier eng Persoun gemellt ginn, déi um Site vun der Universitéit op enger Fassad klotere géif. Esou eng Persoun konnt awer net ugetraff ginn. Beamte vun der Police waren nach eng Zäit op der Plaz bliwwen, fir d’Situatioun am An ze behalen.