Hei ware Beamte vun der Douane, déi eng Routinekontroll gemaach hunn, nämlech zwou Persounen opgefall, déi sech net ausweise konnten. Dowéinst gouf d'Police alarméiert. Déi zwou Persounen, ëm déi et sech gehandelt huet, goufe vun de Beamte fir eng reng Identitéitskontroll mat op de Policebüro geholl.