Reaktiounen op HRSPfizer Lëtzebuerg dementéiert Bestellung vun Impfstoff

Claudia Kollwelter
De Generaldirekter vu Pfizer zu Lëtzebuerg huet géigeniwwer dem Tageblatt dementéiert, datt d'HRS Impfunge vu Biontech/Pfizer bestallt hätten.
Reaktiounen op HRS
Pfizer Lëtzebuerg dementéiert Bestellung vun Impfstoff.

Et hätt ee vu kengem Lëtzebuerger Spidol esou eng Ufro kritt. De Reginald Decreane gëtt am Tageblatt zou, datt hie bei enger Visitt mam Claude Schummer geschwat hätt, an dass den HRS-Generaldirekter sech iwwert e méiglechen Akaf informéiert hätt. Allerdéngs hätt een net iwwert eng konkret Zuel geschwat, an dat wier och just fir de Fall gewiescht, datt de Vaccin um Privatmarché zougelooss gëtt.

Souwuel d'LSAP wéi och déi Gréng fuerderen a parlamentaresche Froen Explikatioune vun der Gesondheetsministesch zu der Diskussioun ëm d'Hôpitaux Robert Schuman.

De Mars Di Bartolomeo, d'Francine Closener an d'Cécile Hemmen, grad wéi d'Josée Lorsché an de Marc Hansen wëlle vun der Paulette Lenert wëssen, ob si eng eventuell Commande confirméiere kann, wa jo, wéi dat kéint sinn a wéi eng Conclusiounen doraus ze zéie wieren.

Politesch Reaktiounen am Virfeld vun deem Dementi

Erstaunen, Schock an Onversteesdemech: Dat sinn d'Reaktioune vun enger Partie Deputéierten aus der Santéskommissioun en Donneschdeg de Moien op d'Affär vun den Hôpitaux Robert Schuman. Nach géif et u Fakte feelen, an dofir géife sech och eng Hellewull u Froen stellen.

Wann tatsächlech Imfpdose bestallt goufen, wier dat onfair, seet den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo. D'Spidol misst iwwert d'Santé fueren. Och fir d'Martine Hansen vun der CSV wier et inacceptabel, wann hei Vaccine fir privat Patiente bestallt oder kaf goufen.

Martine Hansen:Da froen ech mech awer: Wéi kann et sinn, datt eng Klinick un 100.000 Vaccinen kéim? Wann dat sou einfach ass, misst d'Regierung och un déi Vaccinen kommen an da misste mer do och méi séier virukommen.

De Sven Clement vun der Piratepartei ass erstaunt iwwert de Communiqué vun den HRS a betount, datt dee just nach méi Froen opwërft.

Sven Clement:Wien huet déi Initiative geholl? Wie wousst dovun? Wéini gouf mat wiem verhandelt? Wou sollen déi Imfpdosen hierkommen? Ginn do Impfdosen an anere Länner ofkaf, déi déi vläicht selwer bräichten?

Dem Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum no géifen d'HRS hei versichen, Staat am Staat ze spillen an d'Santé ze kommerzialiséieren.

Marc Baum:Dat do ass "du jamais-vue" an der Lëtzebuerger Gesondheetspolitik a -Geschicht. Ech mengen de Grupp huet "d'Flucht nach vorne" agetratt. Si sinn de Moment op engem Wee, fir d'Kommerzialiséierung an d'Liberaliséierung vun der Santé op eng Manéier duerchzedrécken, déi grenzwäerteg legal ass.

Wat den Depart vum Direkter Claude Schummer betrëfft, wier dëst schwéier ze kommentéieren, well et un Detailer feelt, soten d'Deputéiert. De Mars Di Bartolomeo betount, datt hien de geneeën Oflaf vun Decisiounen am Spidol net kennt, mä...

Mars Di Bartolomeo:Ech ka mer schlecht virstellen, datt e Claude Schummer "heimlich, still und leise", ouni datt mat engem driwwer geschwat gouf, Initiative géif huelen, fir Impfstoff ze bestellen oder e Befeel géif ginn, fir e Verwaltungsrot ze impfen.

An den Ae vum Sven Clement géif hei kloer d’Schold op anerer ofgeluede ginn, fir déi eege Feeler net selwer mussen anzegestoen.

Sven Clement:Ech ka mer net virstellen, datt en Affekot, dee Minister war, President vun e puer Verwaltungsréit ass, Fraktiounschef war, sech vun engem Direkter virschreiwe léisst, wéini e sech ze impfen huet oder net. Deen hätt fir sech selwer kënnen iwwerleeën. Déi ganz Schold op engem Direkter ofzelueden, fannen ech ganz speziell an ass éischter e Beweis vun der Arroganz vun deem Pouvoir. 

De Marc Baum an d'Martine Hansen hunn allebéid nach betount, datt sech d'Fro vun der Gouvernance vun de Spideeler stelle géif, an datt iwwert d'Organisatioun geschwat misst ginn.

Politesch Reaktiounen op HRS / Reportage Claudia Kollwelter

Reaktioun vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert

Si géing där Saach nogoen, sot d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert, ma hire leschten Informatiounsstand wier den Dementi vum Spidolsgrupp. Iwwert eng eventuell Bestellung wéisst een näischt, sou d'Paulette Lenert. Ob dat iwwerhaapt méiglech wier, datt e Spidol Impfunge bestellt, wéisst een net, sou d'Ministesch.

Paulette Lenert: "Dofir si mer natierlech och interesséiert, méi gewuer ze ginn. Mä bis elo ass et en Dementi, hunn ech op alle Fall gëschter verstanen, vum Spriecher vun HRS komm dozou, a wann... all Impfstoff zielt am Moment, a wann en op engem legale Wee kann heihinner kommen, tant mieux. Allerdéngs stelle mer eis natierlech och Froen, dofir si mer ganz interesséiert, méi gewuer ze ginn, falls eppes do wier, well u sech déi Vertriibskanäl ganz kloer definéiert sinn. En Impfstoff ass net eng Mask an et ass och net en Test, deen der einfach kënnt iergendwou kafen. D'Impfstoffer ginn am Prinzip u Staate verkaf, an do muss een natierlech och déi néideg Virsiicht hunn."

Datt de Generaldirekter vun den HRS Claude Schummer zanter e Méindeg net méi do schafft, wollt d'Gesondheetsministesch net weider kommentéieren.

Hôpitaux Robert Schuman - Spidolsgrupp a Generaldirekter Claude Schummer gi wuel getrennte Weeër

PDF Parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO