De KloertextPerspektive fir Wirtschaft an Aarbechtsmaart: tëscht Geopolitik a KI

Caroline Mart
Dany Rasqué
Am Kader vun de geopolitesche Spannungen uechter d'Welt muss d'EU hir Kooperatiounen iwwerdenken.
Kloertext: Perspektive fir Wirtschaft an Aarbechtsmaart: tëscht Geopolitik a KI
Elo Donneschdes um 20 Auer. D‘Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.

Am Kloertext op der Tëlee goung et dës Kéier ëm Perspektive fir d’Wirtschaft an den Aarbechtsmaart an dat an Zäite vu geopolitesche Spannungen a Kënschtlecher Intelligenz. “Nostalgie ass keng Strategie” hat de kanadesche Premier zu Davos gesot a betount, datt ee sech muss zesummendinn a wieren, wa Groussmuechten d’Wirtschaft als Waff asetzen. Mä mat wiem zesummendinn a wat verännert déi Kënschtlech Intelligenz? Wat bedeit dat fir de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart? Ëm déi a vill aner Froe goung et an der Emissioun.

D’Europäesch Unioun an d’Lëtzebuerger Regierung setze staark op erneierbar Energien, huet den DP-Minister Lex Delles ënnerstrach, deen zoustänneg ass fir d’Wirtschaft, d’Energie an de Mëttelstand. D’Nordséi hätt en enormt Potential a kann Europa esou méi onofhängeg vu Groussmuechte maachen. Wéi geféierlech d’Ofhängegkeet ka sinn, dierft an Tëschenzäit jidderengem bewosst sinn.

Den Yves Germaux, dee bei der Fedil responsabel fir den Handel an déi international Relatiounen ass, nennt d’Beispill vum Gas. “Bei Russland gi mer elo erof. Parallel beim LNG Gas, beim flëssege Gas, do ware mer viru Covid bei Amerika bei 25 %, elo bei 50, riskéieren op 75 % ze goen. Do musse mer also kucken, dass mer do déi richteg Balance fannen.”

Grad dofir sinn déi erneierbar Energien an Europa esou wichteg, betount de liberale Minister Lex Delles. “Mir wäerten hei zu Lëtzebuerg ni autark si mat der Energieproduktioun, dat ass och guer net eist Zil, dofir musse mer bei Projete wéi an der Nordsee matmaachen, mee nëmmen, andeem mer et fäerdeg bréngen, eis ze dekarboniséieren, also erneierbar Energien eranzebréngen, Elektrifikatioun och vun eise Betriber sou vill wéi méiglech weider ze drécken, fir eist Zil aus 2030 am Joer 2050 z’erreechen, gi mer och selwer méi autark als Europa.

An der Industrie sinn d’Energiekäschten direkt no de Personalkäschten dee wichtegste Posten. Dat confirméiert de Paul Schockmel. Hien ass Generaldirekter vun IEE a Grënner vum Daachverband vun de Lëtzebuerger Autoszouliwwerer Ilea, wou eng 9.000 Leit schaffen. Hie betount, datt déi europäesch Autosindustrie an der gréisster Kris an hirer Geschicht ass. “Dat ass haaptsächlech bedéngt duerch déi Transitioun vum Verbrenner op den Elektroauto, ouni dat ze verurteelen. Et ass einfach, dass vill Volummen ewechfalen an där aler Welt, der Verbrennerwelt, an do sinn d’Produktiounskapazitéiten net méi ausgelaascht ginn, wärend ee gläichzäiteg awer an déi nei Technologië muss investéieren. An dann dat Geld, dat feelt, well d’Geschäfter net esou gutt lafen.

Den Aarbechtsmaart steet awer ganz enk am Zesummenhang mat der wirtschaftlecher Entwécklung vum Land an et huet en direkten Impakt op Land a Leit, wann et Problemer an enger Branche oder wéi den Ament an enger Rei Branchë gëtt, heescht et vun der Directrice vun der ADEM Isabelle Schlesser. Dofir stelle sech och vill jonker d’Fro, wat se solle studéieren. “Dat wat se am Léifste maachen.Normalerweis ass een do och gutt dran an da kritt een och en Diplom. Séier en Diplom an dat ass ganz wichteg. Dat Eenzegt, wat ee sech absolut muss bewosst sinn an der Welt vun haut an nach méi an där vu muer ass, datt een héchstwarscheinlech a senger Carrière ganz vill verschidde Saache wäert maachen an net onbedéngt dat, wat een dann elo genau studéiert huet.

D’Isabelle Schlesser stellt och fest, datt et ëmmer méi dacks virkënnt, datt Akademiker am Chômage sinn. An awer hunn Entreprisen et dacks ganz schwéier, fir Mataarbechter ze fannen, ouni Leit aus dem Ausland kéinte vill Entreprisen zouspären. Och bei enger Traditiounsbank wéi der Spuerkeess schaffen ëmmer méi verschidden Nationalitéiten. D’Betriibspsychologin Sandra Schengen, déi ënnert anerem responsabel ass fir d’Ressources humaines, erkläert: “Mir hunn an Tëschenzäit awer esou ëm 25 oder 27 Nationalitéiten. D’Bild changéiert wann ee vergläicht mat virun enger rei Joren, wou mer nach vill manner representativ waren och e bësse vun där Gesellschaft an där mer liewen. Ech mengen, et muss een awer trotz allem soen, wa Kandidate sech bei eis mellen, da sichen se eng gewësse Stabilitéit, och Jonker.

D’Directrice vun der ADEM ass sech awer net ganz sécher, ob et an den nächste Joren nach esou vill Stabilitéit gëtt. D’Welt géif séier dréinen an dofir géif et eng gewëssen Evolutioun. Och wann een an där selwechter Entreprise bleift, géifen d’Tâchen sécher änneren. Dofir wier den Ausgangsdiplom vläicht och bësse manner wichteg.


Eis Invitéen:

Lex Delles
DP-Minister fir Wirtschaft, Energie a Mëttelstand, deen Energie op d’Nordsee an Talenter weltwäite siche geet

Lex Delles
Lex Delles
© RTL

Isabelle Schlesser
Direktesch vun der Adem, déi vill Demandeuren ouni déi néideg Qualifikatioun huet, awer och méi Akademiker am Chômage

Isabelle Schlesser
Isabelle Schlesser
© RTL

Yves Germeaux
Huet am Finanz-, Aviatiouns- a Stolsecteur geschafft an ass lo bei der Fedil responsabel fir den Handel an déi international Relatiounen

Yves Germaux
Yves Germaux
© RTL

Paul Schockmel
CEO vun IEE a Grënner vum Daachverband vun de Lëtzebuerger Autoszouliwwerer Ilea, déi eng 9.000 Leit beschäftegen

Paul Schockmel
Paul Schockmel
© RTL

Sandra Schengen
Betriibspsychologin, responsabel fir d’Ressources humaines an de Personalmanagement bei der Spuerkeess

Sandra Schengen
Sandra Schengen
© RTL

Back to Top
CIM LOGO