En Dënschdeg ass et an enger Klammhal zu Zolwer zu engem déidlechen Accident komm. Och wann déi genee Ëmstänn nach net gekläert sinn, huet den trageschen Incident de Gilles Gardula dorunner erënnert, wéi hie sech virun engem hallwe Joer zu Esch-Lalleng beim Klamme schwéier blesséiert huet. Elo setzt hie sech dofir an, datt sou schro Accidenter an Zukunft net méi virkommen. Och déi Escher Gemeng wëllt d'Sécherheetsmesure verschäerfen, beim lokale Klammveräin kënnt dat awer net nëmme gutt un.
Hien huet zwar nach Problemer mam Gehéier op engem Ouer an hie ka quasi näischt méi richen, mee de Gilles Gardula ass frou, datt hien iwwerhaapt nach lieft. Bei sengem Accident war hien, wärend e mat sengen zwou Duechtere beim Klamme war, hannerzeg op de Kapp gefall, deen dono op e puer Plaze gerass war. Iwwert déi genee Ëmstänn vum Accident wëllt de Gilles Gardula net méi wierklech schwätzen, hie wéilt nämlech op kee mam Fanger weisen, mee mat der Saach ofschléissen an no vir kucken. Wichteg ass him virun allem, datt sech d'Sécherheet beim Klamme verbessert. Konkret Mesurë wieren zum Beispill, datt een Helm obligatoresch gëtt genee wéi Händche fir déi Persoun, déi ënne steet an een ofséchert. Ma et sollt een nach méi wäit goen:
"Ee Code de la route maachen, sou wéi bei enger Coupe scolaire, wou ee léiert, dat richteg maachen a wou ee quasi ee Permis kritt, datt ee ka soen, deen huet dat geléiert. Een Expert, deen déi Saachen ofhuele kënnt a Piktogrammer mécht, sou wéi op der Strooss ee Code de la route, wou signaliséiert ass, wat een do dierf maachen oder op enger Spillplaz, wéi ee sech do dierf behuelen."
Ee grousse Problem wier och, datt et kee legale Kader gëtt, dee kläert, wie responsabel ass.
D'Thema Responsabilitéit ass dann och de Grond, firwat och sechs Méint nom Accident an der Sportshal zu Lalleng nach ëmmer net geklotert dierf ginn. D'Gemeng huet nom Accident decidéiert, datt d'Sécherheetsmesurë méi streng solle ginn. An der Tëschenzäit gouf an Zesummenaarbecht mat der Klammfederatioun eng entspriechend Konventioun ausgeschafft. Den Escher Sportschäffen André Zwally nennt e puer vun deene wichtegste Punkten:
"Wou mer zu deem Eenzele soen, iers de ufänks Leit op d'Wand goen ze loossen, muss de wëssen, datt do deng Responsabilitéit matspillt. An do sinn da vereenzelt Saachen, déi einfach méi mussen ugewannt ginn, de Contrôle selwer, wat se warscheinlech och scho maachen, déi Strecken, déi se offréieren, am Zesummenhang mat den Unzéipunkte vun deenen eenzelen Héichten, dee muss garantéiert bleiwen."
D'Gemeng kuckt dann och, fir datt de Beräich ronderëm d'Kloterwand ofgespaart gëtt. Et handelt sech hei nämlech net ëm eng klassesch Kloterwand un enger Mauer, mee se steet fräi am Raum an der Entrée vun der Sportshal an et kann ee ronderëm goen.
Vun der Gemeng heescht et, datt een d'Konventioun Mëtt Abrëll per Courrier un de lokale Klammveräin ClimbX geschéckt huet, ma do hätt een awer bis haut näischt kritt. Dat gouf awer um Bord vum Interview nogeholl. No engem éischte Bléck op d'Dokument denkt de President vum ClimbX Tom Wecker doriwwer no, sech eng aner Hal ze sichen:
"D'Fro ass, ob mer hei wëlle weidermaachen. Klammsport ass jo net nëmme Seelklammen, do ass och Boulderen dobäi. Natierlech ass olympesch och Seelklammen dobäi, dat heescht et misst een och schonn eng Seelklamminfrastruktur hunn. De Problem ass lo, ob déi Konventioun evitéiert, wa muer rëm eppes geschitt, datt rëm sechs Méint zou ass, sou kann ee jo net trainéieren."
Den Tom Wecker weist sech zwar oppen fir méi streng Sécherheetsmesuren, zum Beispill datt et obligatoresch gëtt, en Helm unzedoen oder Matrassen op de Buedem ze leeën, mee hie gëtt gläichzäiteg ze bedenken, datt och doduerch net all Accident evitéiert kéint ginn. Feeler kéinten nämlech ëmmer passéieren. Et géinge vill Grënn fir Accidenter beim Klamme ginn, ee wier, datt d'Zuel vu Leit, déi de Sport bedreiwen, an deene leschten zéng Joer massiv an d'Luucht gaange wier.