RTL-Opruff wéinst Date-KlauEen Affer wollt Vakanz bezuelen, ma ass op Krimineller eragefall

Pierre Weimerskirch
Op en Artikel mat engem Opruff hu sech bal 40 RTL-User gemellt. An de meeschte Fäll huet d’Arnaque net fonctionéiert an awer schénge vill Daten och vu Lëtzebuerger Residentë geklaut ginn ze sinn. D’Dateschutzkommissioun huet Kenntnis vum Datebreach.
Touristen op der Belscher Plage. Och eng Rei Hoteller an der Belsch an Holland si vum aktuellen Datebreach si betraff.
Touristen op der Belscher Plage. Och eng Rei Hoteller an der Belsch an Holland si vum aktuellen Datebreach si betraff.
© REMI DECOSTER/Hans Lucas via AFP

Ëmmer déi nämmlecht Masch. Per WhatsApp, Mail oder SMS kruten d’Leit mat konkreten Date gesot, et misst nach eng Rechnung fir eng Buchung bezuelt ginn, soss géif se verfalen. An all de Fäll goufen d’Leit och ënner Zäitdrock gesat.

Betraff sinn Hotel-Buchungen a ganz Europa. Mir krute Fäll aus der Belsch, Holland, Italien oder och vu Lëtzebuerger Hoteller vun User genannt.

Op Nofro bei der Lëtzebuerger Dateschutzkommissioun krute mir confirméiert, dass hinne Fäll bekannt sinn. Si géingen aktuell dovun ausgoen, dass et duerch e sougenannten Datebreach bei booking.com geschitt wier.

An enger Rei Beispiller sinn d’Buchungen awer net iwwer dëse Site gemaach ginn, mee direkt bei den Etablissementer selwer. Dozou huet den CNPD schrëftlech matgedeelt:

"Et ass net ausgeschloss, datt eenzel Hoteller och separat betraff kënne sinn. Op Basis vun de bis elo disponibele Fakten ass et awer am plausibelsten, datt déi meescht Fäll op dës Violatioun oder eng aner Violatioun bei enger internationaler Plattform zeréckzeféiere sinn."

An engem Fall krute mer per Mail beschriwwen, wei eng Persoun op de Link am WhatsApp-Message geklickt huet an dunn nieft Kontodaten och Messagen iwwer de Luxtrust Token krut. Et wieren Ufroe komm, fir zum Deel héich Zommen op der Kreditkaart ze validéieren.

E Proprietär vun engem B&B an der Belsch huet eis per Mail geschriwwen, dass ee vu senge Clienten elo seng Vakanz bezuelt hätt, e gouf awer vun Onéierleche beduckst.

"So far one future guest has paid his stay at our place to the criminals."

Wat solle betraffe Leit maachen?

Op Nofro krute mir vun der CNPD, der Lëtzebuerger Dateschutzkommissioun gesot, dass Bierger, déi mengen, datt hir Date geklaut goufen, sech als éischt bei de jeeweilegen Entreprisë melle sollen, fir déi néideg Informatiounen ze kréien. Sollt een do keng zefriddestellend Äntwert kréien, kéint ee bei der CNPD eng Reklamatioun areechen.

Am Fall vum Datebreach bei booking.com wier déi hollännesch Dateschutzautoritéit fir d’Gestioun vum Dossier zoustänneg, dat well Booking säin Haaptsëtz an Holland huet.

Vill Leit veronséchert

An engem Mail huet eng Userin och geschriwwen, dass hire Papp mëttlerweil esouvill Angscht hätt, dass e quasi näischt méi géif maachen, well en hannert allem eng Arnaque gesäit:

"Dat fannen ech ganz schlëmm, well mäi Papp ass ee Mann, den elo ëmmer probéiert huet, mat der Zäit mat virun ze goen. An duerch esou Sauereien, gëtt hien an eng Nisch gedréckt, wou hien eigentlech net higehéiert!"

An engem weidere Reportage komme mer an den nächsten Deeg nach emol op dës Thematik ze schwätzen.

Wëll Dir vertraulech Kontakt mat der Redaktioun och an aneren Dossieren ophuelen, da maacht e Mail un dossier@rtl.lu.

Back to Top
CIM LOGO