No engem turbulente Joer mat Demissiounen un der Spëtzt an enger ëmstriddener Debatt iwwer d'Gouvernance steet d'ALIA virun enger Reform. D'Autoritéit soll méi Personal kréien, nei europäesch Aufgaben iwwerhuelen an zur ALIM ginn.
Wéi steet et haut ëm d'Onofhängegkeet vum Medieregulateur? Ass d'Institutioun nees stabil? A kann eng kleng Autoritéit iwwerhaapt géint international Plattformen a Pornosäite virgoen? Doriwwer schwätze mir de Moie mam President vun der ALIA. De Marc Glesener ass kuerz no 8 eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.