Um Belair an zu KeelDräi Persoune bei Accidenter blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdegowend hunn d'Ekippe vum CGDIS zweemol wéinst Accidenter op eise Stroosse mussen ausrécken.
© Laurent Weber

Géint 22:20 Auer gouf eng Persoun blesséiert, wéi um Belair en Auto accidentéiert ass. D'Stater Pompjeeën an Ambulanciere waren op der Plaz.

Ronn eng hallef Stonn drop ass dann en Auto um Keeler Potto accidentéiert. Op der Plaz waren d'Keeler Pompjeeën, grad ewéi d'Ambulanciere vu Keel an Esch, déi sech ëm zwou blesséiert Persoune gekëmmert hunn.

Back to Top
CIM LOGO