
Polemik, well de séieren Tram, dee laanscht d’Escher Autobunn vum Stade de Luxembourg aus a Richtung Süde geet, am Verglach mat den Ufankspläng elo zweemol iwwer d’A4 d’Säit wiesselt, eemol zu Leideleng an eemol zu Steebrécken fir an der Aktivitéitszon, respektiv beim Shopping-Center GridX ze halen. Déi Brécke wäerten de Projet méi deier maachen. Och wa manner Bauland fir d’Arrête muss kaaft ginn, rechent d’Yuriko Backes mat 100 bis 120 Milliounen Zousazkäschten am Verglach mam Virgänger-Projet vun 800 Milliounen Euro. Dofir gouf et an der Sitzung Kritik vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen. D’Yuriko Backes huet gekontert, d’Demande fir d’Arrêten ze verleeën, kéim eendeiteg vun de Buergermeeschtere vun de concernéierte Gemengen:
"Fir op déi aner Säit ze fueren, mécht einfach kee Sënn. An ech war a kenger Reunioun oder am Bett mat Leit vu GridX, wann der mer sou eppes wëllt ënnerstellen. Dat entsprécht kenger Realitéit. Wat mer hei maachen, ass, datt deen Tram bei d’Leit geet, bei d’Besoine geet, do wou d’Leit schaffen, do wou se iessen a wou se owes eraus ginn."
De Projet géing doduerch verbessert ginn, esou d’Ministerin. De Marc Goergen mengt trotzdeem, hie géing gesinn, wien am meeschte profitéiert:
"An dat ass ebe GridX. Hie kritt säin eegenen Arrêt dohin, a falls dat esou gewënscht wär, sinn ech eben der Meenung, datt hien och eppes dovu soll bezuelen. Ob en elo d’Hallschent bezilt oder ganz, dat ass eng Diskussioun, déi een ebe muss féieren."
Hien ass an dësem Fall den Entrepreneur Giorgetti. Ma nieft de Piraten huet och d’LSAP sech gefrot, ob den Tram no allen Ännerungen iwwerhaapt nach méi séier ass, wéi beispillsweis den Zuch vun Esch. D’Claire Delcourt freet dowéinst:
"Wäerten dann tatsächlech esou vill Leit den Tram huelen, wann en herno am Endeffekt bal nämmlecht laang brauch a wat fir eng Repercussiounen dat herno och op de Verkéier huet, ob wierklech da méi Autoe stoe gelooss ginn?"
De Meris Sehovic vun déi Gréng mécht sech manner Suergen, wéi séier den Tram herno ass, mee bedauert, datt d’Ubannung vu Leideleng duerch d’Ännerungen ëm ee bis zwee Joer no hanne réckelt, well den Tram elo bis Féiz op der ganzer Stréck eréischt ab 2031 rullt. Dono soll jo ausgebaut gi bis op Bieles.
"Wir werden diese Abschnitte 2032 bis Metzeschmelz in Betrieb nehmen und 2025 bis Belvaux-Mairie, so wie das immer vorgesehen war", seet dozou den Direkter vu Luxtram Helge Dorstewitz. Do gesäit de Meris Sehovic awer nach en Hick:
"Do ass problematesch, datt mer vun dëser Regierung just d’Finanzéierung wäerte garantéiert kréien, fir bis op Féiz ze fueren an de ganze Recht vun deem Projet weider wäert ënner Finanzéierungsvirbehalt stoen an dës Regierung gesot huet, datt se do keng Responsabilitéit wëll iwwer huelen."
D’Yuriko Backes sot dozou, et misst een d’Saachen der Rei no maachen.