
D'Police sicht no engem Fall vun Déierequälerei no Zeien. Zu Buddeler solle sech Täter Zougang op eng Wiss vun engem Iesel verschaaft hunn, wou si dem Deier da mat engem Stéck Drot déi hënnescht Been zesummegestréckt hunn. En Donneschdeg gouf den Iesel schwéier blesséiert op der Wiss fonnt.
Der Police no kéint d'Dot schonn tëscht dem 1. an dem 2. Juni geschitt sinn.
Zeien, déi an dësem Kontext verdächteg Beobachtunge gemaach hunn oder soss nach Informatiounen hunn, si gebiede sech beim Policebüro Ernz ënnert der Nummer (+352) 244 74 1000 oder un d'E-Mail-Adress police.ernz@police.etat.lu ze mellen.